De President vun der CSV-Fraktioun seet Nee, wat der Doktesch- an Zänndokteschassociatioun hir Wënsch fir eng grouss Liberaliséierung vum Secteur ugeet.

Um Sonndeg huet d’Union des syndicats e Bréif voller Reprochen un de Premier Luc Frieden geschéckt. Déi Kéier hunn si sech iwwert d’Sozialversécherungs- a Gesondheetsministerin Martine Deprez beschwéiert. Nodeems si 
 
D’OGBL Presidentin Nora Back seet:

"D’Kiischt um Kuch ass eigentlech dat, wat elo geschitt mat eisem Gesondheetswiesen an de Risiko, datt dat soll ausverkaf ginn an der Kommerzialiséierung soll ausgesat ginn an dat ass eppes, woumat mir net kënne liewen an dofir hu mer dee Bréif hei gemaach.”

D’Positioune vun de Gewerkschafte ginn diametral géint déi vun der Doktesch an Zänndokteschassociatioun AMMD. Déi huet jo d’Konventioune mat der CNS gekënnegt.

“Wann elo d’Dekonventiounéierung passéiert, plus eng Ouverture gemaach gëtt fir privat Investisseuren, déi eis Gesondheetsversuergung iwwerhuelen a mat ëffentleche Gelder spekuléieren, fir sech do drun ze beräicheren da geet dat um Enn ëmmer op Käschte vum Patient. An dat kënne mir net zouloossen.”

Fir de Fraktiounspresident vun der CSV, Marc Spautz, ass kloer, datt an Zukunft, Dokteren, déi zu Lëtzebuerg wëlle schaffe genee esou mat der CNS musse konventionéiert sinn, ewéi bis elo. Säi Message geet net just un d’AMMD, mee och un d’Koalitiounskolleege vun der DP.

“Ech sinn der Meenung, datt am Koalitiounsaccord steet, datt mir zum Conventionnement stinn an datt domat och de Conventionnement zu Lëtzebuerg wäert bestoe bleiwen. Dat ass esou wéi ech dat liesen, wat am Koalitiounsaccord steet an ech ginn dann och dovun aus, dat datt dat ass, wat fir d’ganz Koalitioun wäert gëllen.”  

D’Martine Deprez hat d’lescht Woch am RTL-Interview gesot, wann d’Gesondheetskeess an d’AMMD sech net bannent 12 Méint op eng nei Konventioun géifen eens ginn, kéint een de Probleem per Reglement léisen, sou wéi d’CNS-Participatioun fir d’Psychotherapie gereegelt gouf.

Ma déi fréier Gesondheetsministerin an LSAP-Deputéiert Paulette Lenert gesäit do awer en Hick.

“Do steet da fest, wat de Patient rembourséiert kritt. Mee op där aner Säit ass awer den Delta eventuell eng Realitéit. Wat mengen ech domat: Wann den Dokter méi facturéiert, dann hunn ech eng Differenz tëscht deem, wat festgesat ginn ass, wat ech rembourséiert kréien an deem, wat ech muss bezuelen, wann ech bei den Dokter ginn.”

Wat de Gewerkschaften hir Suerg ugeet, dat privat Investisseure wäerten kënnen am Gesondheetssecteur iwwert déi geplangten Dokteschgesellschafte Fouss faassen, wénkt de Marc Spautz of:

“Ech sinn och zouversiichtlech, datt dat an dem Projet de Loi, dee wäert kommen, schéi propper wäert getrennt sinn, sou wéi dat och bei den Affekotegesellschaften de Fall ass.”

D’Paulette Lenert fënnt schwiereg, iwwerhaapt ze bewäerten, wou der CSV-DP-Koalitioun hir Gesondheetspolitik hi geet. Dat well ëmmer nach keng Texter um Dësch leien, seet si. Dat gëllt och fir der Martine Deprez hir Iddien, fir ambulant Behandlungen a méi klenge Strukturen ausserhalb vun de Spideeler z’erméiglechen, wouzou d’Nora Back kloer seet:
“Déi mussen zum Spidol gehéieren. Dat muss en Deel vum Spidol sinn.”

D’Paulette Lenert ass net just esou kategoresch:

“D’Fro, déi ee sech muss stellen ass, ënner wéi enge Bedingunge gi Saachen eraus geholl, aus de Spideeler. Do stellt sech d’Fro vun der Sécherheet. Gëtt et eng Obligatioun, datt muss zesummegeschafft gi mat Spideeler.”

Déi Fro vun der Kontinuitéit vun de Soinen a vun den Urgencë stellt sech och de Marc Spautz. Hie schwätzt a sengem Numm, wann hie seet:

“Ech sinn ëmmer där Meenung, datt och Dokteren dat sécherlech ganz gutt kënne maachen a wann si et fäerdeg brénge 24/24 an 7/7 dat ze garantéieren, ginn ech och do mat, da kéint ech mer dat och virstellen. Mee et muss awer garantéiert si 24/7, soss ass jo de Risiko fir de Patient awer relativ grouss.”

En gros: Wou Spidol oder Klinik drop steet, muss och Spidol oder Klinik dra sinn. Dat gëllt iwwregens och fir d’Personal, wat do soll schaffen.

“Wann Strukture kommen, déi änlech funktionéieren, wéi e Spidol, sinn ech der Meenung, datt och d’Konditioune mussen déi nämmlecht sinn an dann ass dat fir mech sous-entendu, datt do de Kollektivvertrag vun der Entente des hôpitaux gëllt.”

Och déi fréier Gesondheetsministerin deelt de Gewerkschaften hir Bedenken op deem Punkt a warnt, datt soss:

“... eventuell déi méi lukrativ Saachen, déi ausgelagert ginn, et wäerten erlaben, attraktiv Konditiounen ze schafe fir Leit, déi da léiwer ënner manner contraignanten Ëmstänn ausserhalb vum Spidol schaffen, wéi dat momentan am Spidol de Fall ass.”

Dat warnt si, kéint och zu Probleemer féieren, fir d’Garden anzehalen.

D’Nora Back versteet virun allem net, wéi beim Defizit vun der CNS d’Gesondheetsministerin elo dee Wee kann envisagéieren:

“Mir hunn elo esou just eng stabil Situatioun a gläichzäiteg maache mer dat dote Faass op, wou mer soen, mir maache lo privat Klinicken nieft de Spideeler op, wou mer guer net wëssen, wat de Käschtepunkt dovu géif bedeiten an dat ass eigentlech de Reproche, dee mer der Ministesch maachen.”

Schliisslech géifen d’Gewerkschafte schonn zanter Joren op déi prekär Situatioun vun der Gesondheetskeess hiweisen.