Deputéiert mol méi, mol manner erstaunt iwwer Demissioun vu Françoise Thoma
© RTL Archiv
D'Spuerkeess ass also elo op der Sich no enger Persoun, déi d'Françoise Thoma als Generaldirectrice vun der Bank ofléist.
Hir Demissioun huet e Méindeg ënnert den Deputéierte fir mol méi, mol manner erstaunte Gesiichter gesuergt. D'Djuna Bernard vun déi Gréng:
"Am Flurfunk huet ee jo scho gemierkt, op wat et do géif erauslafen. Ech mengen, dass hei effektiv d'Spuerkeess sech duerchaus muss Froe gefale loossen, déi mer jo och gestallt hu par rapport zu hirer eegener Virgoensweis. An an deem Sënn, mengen ech, ass et och novollzéibar, dass do Konsequenze musse falen. Ob dat elo eleng un der Persoun vun der Madamm Thoma festzemaachen ass, dat ass eng Spuerkeess intern Affär. Mee dass hei Konsequenzen um Niveau vun der Spuerkeess geschéien, ass fir mech duerchaus novollzéibar an och net ganz falsch."
D'Regierungsparteien hale sech an hiren Aussoen e bësse méi zeréck. De Fraktiounschef vun der DP, de Gilles Baum:
"Ech mengen am Caritas-Skandal ass jo och vill iwwert d'Spuerkeess geschwat ginn. Ech hat mer dat doten zu dësem Moment net erwaart. Et fält mer och schwéier, dat doten ze kommentéieren, well dat jo eng Entscheedung vun der Bank ass. Dat ass keng politesch Entscheedung. A wéi gesot, d'Madamm huet ganz laang Jore fir d'Bank geschafft. Ech huelen un, dat wat ech héieren hunn, dass se ganz, ganz engagéiert war. A méi kann ech zu dësem Moment dozou och net soen."
Ganz änlech kléngt d'Reaktioun vum CSV-Fraktiounspresident Marc Spautz:
"Ech mengen, et ass eng Decisioun vun der Bank an et ass eng Decisioun vun der Madamm Thoma, déi schwiereg ass ze kommentéieren, well ee jo och den Hannergrond net weess, mee ech mengen, de President vun der Bank an d'Direktesch hunn de Mëtte kommunizéiert an dat musse mer zur Kenntnis huelen."
Den LSAP-Deputéierte Mars di Bartolomeo sot, hei géif elo een ofgezu ginn, deen d'Verantwortung misst huele fir déi Feeler, déi an der Caritas-Affär geschitt sinn. Deen, deen un der Spëtzt ass, also an dësem Fall d'Françoise Thoma hätt ëmmer eng Matschold, mä et wier awer sécher net deen eenzegen, dee Feeler gemaach hätt am Caritas-Dossier. De sozialisteschen Deputéierte viséiert domadder den - wéi hie seet - ieweschte Stack vun der Regierung a seng Partei bleift bei der Positioun, datt een d'Caritas hätt kënne retten, wann ee gewollt hätt.