Kee Motiv fir d'Dot z'erkennen
© Diana Hoffmann / RTL
Um éischten Dag vum Prozess haten d'Experten d'Wuert. Wisou et zu der Dot komm ass, gouf och no dräi Stonnen net kloer.
Den 19. September 2022 gouf den Torso vun enger Fra zu Mont-Saint-Martin a Frankräich fonnt. Annerhallwe Mount drop weider Kierperdeeler, sou wéi och de Kapp am däitschen Temmels. Relativ séier war kloer, dass et sech beim Affer ëm eng 40 Joer al Portugisin handelt, déi zu Dikrech gelieft huet.
Op der Uklobänk vum Dikrecher Geriicht muss sech elo en 51 Joer ale Mann aus Marokko, deen eng Affär mam Affer hat, wéinst Mord veräntwerten. Géint säin 48 Joer alen Neveu, deen Aussoe vum Ugekloten no e Mariage blanc mam Affer hat, leeft en internationalen Haftbefeel.
Um éischte Prozessdag ass awer weder kloer ginn, wien dem Affer d'Liewe geholl huet, nach wisou. Den Ugekloten huet ausgesot, net selwer um Mord bedeelegt gewiescht ze sinn, huet awer zouginn, beim Auserneenhuele vum Kierper gehollef ze hunn. "En erzielt dat mat erstaunlech vill Distanz. Ganz roueg, ouni vill Emotiounen", huet de Psychiater festgestallt. Ma en hätt keng psychesch Erkrankung beim Mann kënne feststellen. "Ech mengen, dass Mënschen zu ganz schlëmme Saache fäeg sinn, ouni dass se wierklech psychesch krank sinn", äntwert hien dem Riichter op seng Nofro, wéi e Mënsch kann en aneren zerstéckelen, deen en esou laang scho kennt.
Bei Analysen am Haus vum Affer konnt d'Police technique no der Dot Bluttspueren duerch chemesch Visualiséierung an der Schlofkummer, am Gank, am Keller an an der Kiche fannen. Zu der Dot ass et wuel an der Schlofkummer komm. D'Expert aus dem Laboratioure national de santé huet ënnerstrach, dass d'Doudesursaach wuel e Stach an den Hals war, bei deem d'Halsschlagoder duerchtrennt ginn ass an d'Affer esou verblutt ass.
Am Keller gouf d'Läich mat Messer a respektiv oder Hackbeil da wuel ausernee geholl. Hei huet d'Expert festgestallt, dass dëst op zwou ënnerschiddlech Manéiere passéiert ass. Eemol wier et "onnéideg opwändeg" gemaach ginn, eng aner Kéier mam "mannste Kraaftopwand". Aussoen, déi de Mann op der Uklobänk belaaschten, wëll dëse fir eng Associatioun Fleesch siche gaangen ass, wat en zerluecht an ausgeliwwert huet. E weidere belaaschtenden Indice ass Blutt vum Affer, wat op sengem Brëll fonnt gouf. Wéi d'Läich entsuergt ginn ass, ass um Méindeg net kloer ginn, ma opfälleg war awer, dass de Frigo an der Kiche gefeelt huet.
Eegenen Aussoe vum Ugekloten no hunn hien a säin Neveu den Torso vun der Fra zu Mont-Saint-Martin entsuergt a sinn dono bei säi Brudder gaangen. Bei der Entsuergung vun den anere Kierperdeeler wier hien awer net dobäi gewiescht.
Wat awer d'Motiv fir d’Dot ass, gouf den éischten Dag vum Prozess net kloer.