De CGDIS mellt am Ganzen dräi Accidenter um Méindegowend, bei deenen zwee Leit blesséiert goufen.

Deemno ware géint 17.08 Auer an der Rue de Kreuzerbuch zu Habscht zwee Autoen anenee gerannt. Hei blouf et awer beim Materialschued. Um Asaz waren d'Ambulanciere vu Mamer an d'Pompjeeë vun Habscht.

Zu Käerch op der Neimillen ass iwwerdeem géint 17.13 Auer en Auto an e Bam gerannt. Eng Persoun gouf beim Accident blesséiert a vun de Rettungsdéngschter aus der Stad an dem Zenter Stengefort-Käerch versuergt.

E weidere Blesséierte gouf et bei enger Kollisioun an der Strooss Breedewues um Sennengerbierg. Hei waren d'Ambulancieren aus der Stad an d'Pompjeeë vum Zenter Nidderaanwen-Schëtter um Asaz.