Ee Mann erwëscht, géint deen et e Mandat d'arrêt gouf
E Méindeg den Owend huet eng Patrull am Garer Quartier e Mann gepëtzt, géint dee schonn e Mandat d'arrêt virlouch.
Méi genee hunn d'Beamten de Mann géint 21.50 Auer an der Rue du Fort Elisabeth ugetraff. No enger medezinescher Kontroll koum hien op Suessem an Untersuchungshaft.
Versichten Déifstall a Festnam no Déifstall
Donieft mellt d'Police e versichten Déifstall op der Paräisser Plaz. Hei sollen dräi Persounen hiert Affer ugeschwat an dono probéiert hunn, säin Handy ze klauen. Vue datt hinnen dat awer net gelonge war, hu si sech duerch d'Bascht gemaach. D'Police huet Ermëttlungen opgeholl.
Am spéide Méindegnomëtteg huet d'Police dann nach eng Persoun festgeholl, déi an engem Buttek op der Avenue de la Gare an der Stad Kosmetikartikelen a Bijoue geklaut hat. D'Fra war kuerz no hirer Dot erwëscht ginn a gouf en Dënschdeg de Moie virun den Untersuchungsriichter bruecht.