Ëm déi 17 Joer haten d’Schüler, déi am CNA "Das vergessene Fotoalbum der SS" gekuckt hunn. En änlechen Alter, wéi d'SS-Memberen um Ufank vum Documentaire.

Et wier wichteg de Jonken esou een Thema méi no ze bréngen. Den Dokumentarfilm weist haaptsächlech d’Evolutioun vum Kurt Schreiber, engem SS-Member, dee wärend de Joren ëmmer méi héich geklommen ass. De Film ass entstanen, well ee Fotoalbum mat ronn 200 Opnamen, op deenen SS-Memberen ze gesinn sinn, erëmfonnt gouf. Den Ufank vum SS-System besser verstoen an och d’Persounen hannert de schrecklechen Dote gesinn: Den Documentaire huet d’Schüler zum Nodenke beweegt. Zum Schluss vum Documentaire kruten d’Schüler aus de véier Lycéeën nach verschidde weider Erklärunge vum Dr. Stefan Hördler deem de Fotoalbum och gehéiert.