Mann no Farerflucht gepëtzt an ee weideren an Accident verwéckelt
E Méindeg war d'Police wéinst zwee Accidenter geruff ginn. An engem Fall hat e Mann sech no engem Accident duerch d'Bascht gemaach.
Géint 15.30 Auer e Méindeg war et an der Rue Zenon Bernard zu Esch zu engem Accident komm, bei deem de Chauffer géint e geparkten Auto gerannt ass. Doropshin huet hie säin Auto stoe gelooss an ass geflücht. Eng Patrull konnt de Mann allerdéngs kuerz drop untreffen. Bei der Kontroll war den Alkoholtest positiv, esou datt e Fuerverbuet ausgestallt gouf.
Méi spéit am Nomëtteg gouf d'Police wéinst enger Kollisioun op der Route d'Arlon zu Mamer geruff. Hei sollen éischten Informatiounen no dräi Autoen involvéiert sinn a kee blesséiert gi sinn. Ee vun den Automobilisten hätt alkoholiséiert geschéngt, wouropshin dësen huet missen en Alkoholtest maachen, deen och an dësem Fall positiv war. De Mann krut e provisoresche Fuerverbuet.