Dräi Blesséierter no Kollisioun tëscht dräi Autoen um Dënschdegmoien
En Dënschdeg de Moien ass et op der Héicht vun der Aire de Berchem e gréisseren Accident ginn.
Op der A3 a Richtung Stad waren um 9.26 Auer dräi Autoen aneneegerannt. Dräi Persoune goufen dobäi blesséiert. D'Ambulanz vu Beetebuerg an aus der Stad, sou wéi d'Pompjeeë vu Beetebuerg an aus dem Réiserbann waren am Asaz.
Eng weider Kollisioun gouf et um 7.35 Auer zu Bartreng an der Rue de Luxembourg. Hei waren zwee Autoen am Coup an eng Persoun, déi sech dobäi blesséiert huet. D'Pompjeeën an d'Ambulancière vu Mamer goufe geruff.
An der Zone Industrielle Wolser zu Diddeleng war dann nach um 9.44 Auer ee Moto accidentéiert. De Chauffer gouf dobäi blesséiert a krut Hëllef vun den Diddelenger Rettungsdéngschter.