En Dënschdegowend waren d'Ekippe vum CGDIS bei zwee Accidenter op eise Stroossen am Asaz.

Kuerz no 17 Auer hate sech op der Héicht vun der Sortie Iergäertchen op der A1 dräi Autoen ze pake kritt. Dobäi goufen zwou Persoune blesséiert. Op der Plaz waren d'Ambulanciere vu Mamer an d'Stater Pompjeeën.

Géint 22.55 Auer krut dann en Auto op der Héicht vum Gaasperecher Kräiz op der A6 e Wëllschwäin ze paken. D'Ambulancieren aus dem Asazzenter Suessem-Déifferdeng an d'Stater Pompjeeën hu sech hei ëm eng blesséiert Persoun gekëmmert.

Iwwerdeems hat et um 19.25 Auer an enger Kichen zu Sandweiler gebrannt. Hei ass et beim Materialschued bliwwen.