Géint 14 Auer en Dënschdegnomëtteg krut d'Police en Accident an der Route d'Ettlbruck zu Dikrech gemellt.

Éischten Informatiounen no ass e Mann, dee mat enger elektrescher Trottinett ënnerwee war, hei um Trottoir gefall. Hie gouf blesséiert a koum an d'Spidol.

Eng Patrull vun der Police huet de Mann méi spéit ugetraff. Hie war däitlech alkoholiséiert. En Alkoholtest, dee gemaach gouf, war deementspriechend positiv. Bei enger Kontroll vun der Trottinett koum ausserdeem eraus, dass dëser hir Maximal-Vitess bei 40 bei amplaz mat de maximal erlaabte 25 Stonnekilometer läit.

D'Gefier gouf saiséiert an et gouf e provisorescht Fuerverbuet geschwat.