STATEC confirméiert: Kafkraaft geet erop, ma d'Aarmut bleift
D'Kafkraaft geet erop, d'sozial Inegalitéite bleiwen awer an d'Populatioun, déi méi al gëtt, riskéiert laangfristeg e Problem ze ginn.
Den nationalen Statistik-Institut huet säin neiste Rapport iwwer déi sozial Kohesioun zu Lëtzebuerg presentéiert. E Revenu vu 7.700 Euro huet e Lëtzebuerger Stot an der Moyenne de Mount. Den duerchschnëttleche Liewensniveau läit der OECD-Rechnung no hei am Land bei 4.900 Euro de Mount op de Kapp.
Béid Chiffere confirméieren, dass d'Kafkraaft trotz der Inflatioun klëmmt.
Allerdéngs bleift et eng batter Wourecht, dass déi iewescht 20 Prozent e Liewensniveau hunn, dee bal fënnef mol sou héich ass ewéi dee vun den äermsten 20 Prozent.
Zejoert ware ronn 18 Prozent vun der Lëtzebuerger Populatioun am Aarmutsrisiko: Quasi all fënneften huet mat manner ewéi 2.540 Euro de Mount gelieft. Dat sinn ongeféier 130.000 Leit.
Trotzdeem ass d'Aarmut elo liicht erofgaangen. 2023 louch den Taux nach bei 18,8 Prozent. Op eng méi laang Zäit zeréckgekuckt ass den Aarmutsrisiko awer méi héich ginn am Grand-Duché.
E weidere Constat aus dësem 'soziale Barometer': och d'Lëtzebuerger Populatioun gëtt méi al, awer dee Phenomen ass zu Lëtzebuerg manner akut ewéi am europäeschen Ausland. 2024 hu Leit iwwer 65 Joer 15 Prozent vun der Bevëlkerung ausgemaach. An der EU-Moyenne waren et iwwer 21 Prozent.
Trotzdeem, och hei gi manner Kanner gebuer, an d'Bierger gi méi al. Et ass de Grond firwat den Ament esou akut iwwer eng Pensiounsreform diskutéiert gëtt.
Hëllef kënnt, wann ee sou wëll, vu baussen: Jonker, déi aus dem Ausland heihi schaffe kommen, bremsen déi Entwécklung nach.
Och wann d'Leit hei am Land mat 60,4 Joer nach ëmmer méi fréi an d'Pensioun ginn ewéi an der europäescher Moyenne – 61,3 – gouf et an de leschten 20 Joer awer eng signifikativ Verännerung: den Taux vun de Leit, déi tëscht 55 a 64 schaffen, ass ëm iwwer d'Hallschent geklommen.
2023 war ëmmerhi bal d'Hallschent vun der Populatioun an deem Alter aktiv. Ganz krass ass déi Hausse bei de Fraen tëscht 55 a 64 Joer, déi nach schaffen, deen Taux huet sech quasi verduebelt.
Och Leit mat Diplom schaffe méi laang ewéi net-qualifizéierter. Zanter 2004 ass och d'Dauer vum Aarbechtsliewe vun 30 op 35 Joer geklommen.