Police mellt zwou Festnamen am Laf vun en Dënschdeg
Am fréien Dënschdegmoien a méi spéit am Owend hunn eng Rei Virfäll d'Police an den Asaz geruff.
Um 3.30 Auer krut d'Police zu Ierpeldeng an der Strooss "Beim Dreieck" e Mann gemellt, dee mat engem Tournevis d'Fënster vun engem Auto futtigeschloen a Géigestänn aus dësem geklaut huet. Hie gouf vun enger Policepatrull dobäi erwëscht, wéi hie sech weider Autoen ugekuckt huet an ass geflücht, konnt awer gestoppt ginn. Bei enger Kontroll konnten déi geklaute Géigestänn séchergestallt an hie mat weideren Déifställ an Abréch a Verbindung bruecht ginn. Hie gouf festgeholl a koum op Uerder vum Parquet virun den Untersuchungsriichter.
En Dënschdegowend krut d'Police dunn e Virfall zu Esch gemellt, bei deem e Mann Menacë géint seng Ex-Partnerin ausgeschwat huet. Hie konnt spéider u senger Adress fonnt ginn a gouf festgeholl. Hie koum e Mëttwoch de Moie virun den Untersuchungsriichter.