De CGDIS mellt um Donneschdegmoien een Accident bei deem eng Persoun blesséiert gouf.

Zwee Autoe sinn en Donneschdeg de Moie kuerz no 9 Auer op der Place François-Joseph Dargent an der Stad kollidéiert. Heibäi gouf eng Persoun blesséiert; d'Sekuristen aus der Stad waren am Asaz.

Bei enger Tankstell um Fridhaff huet da kuerz virun 10 Auer en Auto gebrannt, allerdéngs gouf hei kee blesséiert. D'Pompjeeën aus der Nordstad a vun Angelduerf waren op der Plaz.