Längste "Shutdown" an der US-Geschicht no 43 Deeg eriwwer
© Photo by BRENDAN SMIALOWSKI / AFP
No 43 Deeg ass dee längste Shutdown an der US-Geschicht e Mëttwoch op en Enn gaangen, dat nodeems d'Representantenhaus en Iwwergangsbudget gestëmmt huet.
De längste Shutdown an der Geschicht vun den USA ass no 43 Deeg eriwwer. Den US-President Donald Trump huet e Mëttwoch en Iwwergangsbudget ënnerschriwwen. Kuerz virdrun hat d'Representantenhaus als zweet Chamber vum Kongress dem Text zougestëmmt, nodeems de Senat schonn d'Zoustëmmung ginn hat.
De Shutdown war den 1. Oktober lassgaangen.
De Budget iwwerbréckt d'Finanzéierung vum Staat bis Enn Januar, verschidde Ressorten – dorënner Servicer fir Veteranen an den Agrarministère – och doriwwer eraus.
Ronn 670.000 staatlech Employéen, déi an de forcéierte Congé geschéckt goufen, kënnen elo zeréck op d'Aarbecht. Eng änlech Zuel u Mataarbechter, déi ouni Pai hu misse schaffen – dorënner iwwer 60.000 Fluchlotsen a Sécherheetsmataarbechter op de Fluchhäfen – kréien domadder elo nees hire Salaire. Och d'Kënnegung vu ville Staatsbeamten, déi am Laf vum Shutdown entlooss goufen, soll réckgängeg gemaach ginn.
De Fluchverkéier, dee rezent ëmmer méi gestéiert war, kéint domat lues a lues nees an d'Normalitéit zeréckkommen.
Den Donald Trump huet dann och de Moment genotzt, fir d'Demokraten unzegräifen: "Haut schécke mir e klore Message, datt mir eis ni wäerten erpresse loossen."
Och de republikanesche Virsëtzenden am Representantenhaus, de Mike Johnson, hat scho virun der Ofstëmmung d'Demokrate fir de Shutdown verantwortlech gemaach: "Si wossten, datt et Péng verursaache géif a si hunn et trotzdeem gemaach."
D'Representantenhaus huet e Mëttwoch mat 222 Jo- an 209 Nee-Stëmmen zougestëmmt. De Méindeg hat de Senat scho mat der néideger Majoritéit fir den Iwwergangsbudget gestëmmt.
Bei den Demokraten ass de Kompromëss awer ëmstridden, well hir Haaptfuerderungen net erfëllt goufen. Kärpunkt am Sträit war d'Gesondheetsversuergung. D'Demokraten haten zousätzlech Mëttel fir Leit gefuerdert, deenen hir Versécherungen um Enn vum Joer op der Kipp stinn.
Den Iwwergangsbudget ass eng Aart Noutléisung. Eigentlech muss de Kongress all Joer den 1. Oktober d'Finanzéierung vun de Bundesautoritéite fir dat neit Budgetsjoer festleeën. Déi Frist gëtt awer dacks net agehalen, esou datt kuerzfristeg Iwwergangsléisunge gebraucht ginn. D'Budgetsjoer an den USA leeft vum 1. Oktober bis den 30. September.
Dës Iwwergangsbudgete féiere reegelméisseg zu politeschen Tensiounen a kënnen e Shutdown ausléisen, wann et keng Eenegung gëtt. Zënter 1981 gouf et méi wéi eng Dosen esou Stëllstänn, vill dovu ware just kuerz. De bis ewell längste Shutdown gouf et wärend dem Trump senger éischter Amtszäit – deen hat 35 Deeg gedauert.