Yuriko Backes op Aarbechtsvisitt zu Berlin
© Photo by THOMAS TRAASDAHL / RITZAU SCANPIX / AFP
En Dënschdeg an e Mëttwoch ass d'Yuriko Backes zu Berlin, wou si ënnert anerem un enger Sécherheetskonferenz a Gespréicher mat hiren Homologen deel hëlt.
D'Verdeedegungs- an Transportministesch Yuriko Backes wäert den 18. an 19. November 2025 op enger Aarbechtsvisitt zu Berlin sinn. Am Fokus stinn déi europäesch Sécherheetspolitik, d'Kooperatioun mat Däitschland an eng Rei Mobilitéits- a Politik-Dossieren, sou e Communiqué vum Ministère.
En Dënschdeg hëlt d'Ministesch un der Berlin Security Conference deel. Am Kader vun der Konferenz si verschidde bilaterale Reunioune geplangt, zum Beispill en Owesiesse mam däitsche Verdeedegungsminister Boris Pistorius. Dem Ministère no soll bei de Gespréicher haaptsächlech iwwer d'Zesummenaarbecht tëscht Lëtzebuerg an Däitschland, d'europäesch Roll an der NATO, Initiativen vun der EU am Beräich vun der Verdeedegung an d'Weiderféierung vum militäresche Support fir d'Ukrain diskutéiert ginn.
Den 19. November trefft d'Ministesch de Bundestransportminister Patrick Schnieder. Dobäi geet et, sou de Ministère, ëm e breeden Austausch zu bilateralen Themen an de Secteure Stroossen- a Schinnentransport, Schëfffaart an automatiséiert Fueren.
D'Visitt soll deemno dozou bäidroen, d'Kooperatioun mat Däitschland an dësen zentralen Themen ze stäerken.