Am Kader vum Mediendag huet eng Klass vun der Mediesectioun am Lycée Robert Schuman dëse Reportage realiséiert.

Suergt d'Inflatioun vun de Kaffispräisser dofir, dass manner Schüler Kaffi drénke ginn? Mat där Fro hu sech d'Schüler vun der 3e A-Mediesektioun aus dem Lycée Robert Schuman beschäftegt. Fir de Mediendag huet d'Klass dëse Reportage gemaach.

Kënne sech Lycéesschüler de Kaffi nach leeschte? / Rep. Monica Camposeo

No 2021 ass d'Inflatioun zu Lëtzebuerg an d'Luucht gaangen, well d'Energie, den Transport an alles ronderëm méi deier gi sinn. Dat huet sech och op de Kaffi ausgewierkt. Dobäi kënnt, dass et bei de Kaffisboune wéinst schlechtem Wierder e Manktem gëtt.

Dem Statec no ass de Präis fir de Kaffi hei am Land am Mee dëst Joer ëm 10 Prozent geklommen, dat par rapport zum Joer virdrun.
 
D'Clementine ass Barista an engem Kaffee um Lampertsbierg an erkläert de Präis vun engem Latte Macchiato vu 5,60 Euro esou, dass een op der enger Säit op d'Nohaltegkeet vun de Kaffisbounen oppasst an als vegane Kaffi ass de Präis vun der Huewermëllech och mat abegraff. Dobäi kéimen nach d'Loyerspräisser.

Op déi Jonk kënnen d'Kaffispräisser och eng Auswierkung hunn. Enger RTL-Ëmfro vum leschte Joer no kréien zwee Drëttel vun de Jugendlechen iwwerhaapt Täschegeld, 40 Prozent vun hinne kréie bis 60 Euro.

Bei deene Jonken, déi hiert Täschegeld fir Kaffi ausginn, falen d'Meenunge ganz ënnerschiddlech aus. Eng Schülerin seet, si géing bewosst manner Kaffi drénken a léiwer doheem Kaffi maachen, well et méi deier ginn ass. E jonken Här mengt awer, d'Präisser hätte keen direkten Impakt op säi Verhale gehat.
 
Net just bei verschiddene Schüler, mee och ënnert de Baristae weisen sech Auswierkungen säit der Inflatioun. D'Angie an d'Clementine schaffen an ënnerschiddleche Kaffien um Lampertsbierg. D'Angie hätt bemierkt, dass manner jonk Leit kommen. Dat huet si an deene leschte véier Joer, an deene si hei schafft, bemierkt. D'Clementine mengt awer, dass d'Schüler trotzdeem gäre komme fir ze schaffen. A soulaang ee léiere misst, géing de Kaffi ëmmer nach gebraucht ginn.
 
Dëse Reportage gouf um Mediendag vun der 3e A vum Lycée Robert Schuman vun de Schülerinnen a Schüler selwer gemaach, mat der Begleedung vun eiser RTL-Journalistin Monica Camposeo.