D'Spidolsdokteren deelen d'Vuë vun der Doktesch-Associatioun just zum Deel a warne virun ze vill Liberaliséierung.

D'medezinesch Conseilen aus de Klinicke kënnen zwar d'Fuerderung novollzéien, datt un der Relatioun mat der CNS eppes muss änneren, allerdéngs steet een anere Revendicatioune vun der Doktesch- an Zänndoktesch-Associatioun éischter skeptesch géintiwwer.

Spidolsdoktere skeptesch géigeniwwer AMMD-Fuerderungen / Reportage Pit Everling

D‘Doktere kéinte bei der Ausübung vun hirem Beruff effektiv net genuch matschwätzen an et hätt een an der Lescht ëmmer méi den Androck kritt, datt d‘Gesondheetskeess unilateral Decisioune géing huelen. Dat seet den Dokter Cyril Thix, President vum Conseil médical vun de Schuman-Spideeler. Hie weist also Versteesdemech dofir, datt d'AMMD d'Konventioune mat der CNS gekënnegt huet 
 
"Dat heescht, wann een awer elo do gesäit, dass ëmmer manner nogelauschtert gëtt am Etablissement vun der Konventioun, da kann een novollzéien, dass et herno zu enger Resiliatioun ka kommen."
 
Allerdéngs géingen d'Fuerderunge vun der AMMD elo ganz wäit goen, soen d'Spidolsdokteren. Hei géing carrement e Systemwiessel verlaangt ginn an dat gesäit ee skeptesch.
 
"Mir sinn e klengt Land. Wann ee lo géif effektiv alles liberaliséieren, dat géif ze vill duerchernee ginn. Dat huet ze vill Risiken. Dat heescht de Fait, dass mer do awer e Kader hunn, dee relativ kloer definéiert ass, ass eis wichteg. A mir hunn definitiv Sympathie fir dee System, wou awer alles méi egalitär orientéiert ass."
 
Wann et fir den Dokter ze vill attraktiv gëtt, baussent de Spideeler ze praktizéieren, da riskéiert ee laangfristeg wichteg Zerwisser an de Klinicken net méi kënnen ze assuréieren.
 
"Wann ech elo ka just eng Selektioun vu Saachen ausserhalb vum Spidol maachen an um 18 Auer de Cabinet zoumaachen, mäi Weekend fräi hunn an d'Feierdeeg fräi hunn. Firwat soll ech do nach am Spidol da schaffen?"
 
Den Dokter Cyril Thix hält sech zwar bei deem Sujet bedeckt. Ma et schéngt evident, och mat Bléck d'Positioun vum Collège médical, datt et ënnert den Doktere ganz ënnerschiddlech Vuë gëtt an datt d‘AMMD net d‘Positioune vu jidderengem vertrëtt. 
 
"Stand haut ass d'AMMD effektiv déi Associatioun, déi representativ ass fir d'Dokteren a jo, si si scho censéiert, eng Meenung ze representéieren, déi den Duerchschnëtt vun den Doktere vertrëtt an dat muss ee weider diskutéieren."
 
Am Moment gëtt nämlech net vill diskutéiert tëscht den Dokteren aus de Spideeler an deenen aus der AMMD.
 
"Am Moment kann ech elo net soen, dass e groussen Dialog besteet tëschent de Conseils médicaux an der AMMD."
 
Et wier wichteg, den Dialog tëscht alle Partner ze retabléieren. Allgemeng kann een iwwer alles diskutéieren, sou nach de Cyril Thix, mä da mussen all d'Parties prenantes kënne matschwätzen.