Persoun vun Zuch erfaasst, Accident op der RN11 a Feier an enger Kichen
© RTL Archiv
Am Laf vum Méindegowend huet de CGDIS zwee Mol wéinst Accidenter an eng Kéier wéinst engem Feier an enger Kiche missen ausrécken.
Kuerz virun 18.30 Auer gouf eng Persoun zu Dummeldeng op der Gare vun engem Zuch erfaasst an déidlech verwonnt. Nieft de Stater Pompjeeën an Ambulanciere war hei och de Samu aus der Stad am Asaz.
Um 20.37 Auer ass dann en Auto op der RN11 tëscht Jonglënster a Gonnereng an eng Leitplank gaangen. D'Ambulancieren an d'Pompjeeë vu Jonglënster hu sech hei ëm eng blesséiert Persoun gekëmmert.
Géint 21.35 Auer huet et dann an enger Kichen um Boulevard de la Pétrusse an der Stad gebrannt. Och hei gouf eng Persoun blesséiert. Nieft de Pompjeeën an den Ambulancieren aus der Stad war hei och de Samu vum Spidol um Kierchbierg op der Plaz.