OGBL an LCGB an d'Spidolsfederatioun maache sech zesumme staark fir e Gesondheetssystem, op dee jiddereen de selwechten Accès huet.

Béid Säiten haten eng Entrevue zesummen, well si beonrouegt sinn iwwer déi rezent Diskussiounen an Entwécklungen am Gesondheetswiesen. OGBL, LCGB an FHL léichen op de meeschte Punkten op enger Linn. Si wëllen e staarken ëffentlechen Gesondheetssystem, deen op Solidaritéit a Gläichstellung baséiert.

Si opposéiere sech enger Kommerzialiséierung vun der Medezin a vun eisem Gesondheetssystem kategoresch. Ausserdeem fuerdere si, dass de Kollektivvertrag vun der Spidolsfederatioun am ganzen Spidolssecteur ouni Konditiounen applizéiert gëtt.