Dat zanter dem 9. Oktober vermësst Byanca Salgueiro Carvalho ass nach net nees opgedaucht.

D'Police rappelléiert, datt nach ëmmer no dem 15 Joer ale Meedche gesicht gëtt. Wien Hiweiser huet, wou sech dat jonkt Meedche kéint ophalen, dee gëtt gebieden, sech beim Policebüro Museldall ze mellen, dat ënnert der Nummer (+352) 244 70 1000 oder per Mail u police.museldall@police.etat.lu.