Nei Zuele vum Ministère de la Santé et de la Sécurité sociale weisen déi aktuell Verleef vun de jeeweilegen Infektiounskrankheeten zu Lëtzebuerg.

Am Laf vun der 46. Woch vum Joer, tëscht dem 10. an dem 16. November, ass d'Zuel vun de positive SARS-CoV-2-Fäll vu 74 op 65 erofgaangen. Dat ass eng Baisse vun 12 Prozent par rapport zur Woch virdrun. Gläichzäiteg gouf awer am Ofwaasser eng erhéichte viral Konzentratioun detektéiert. Aktuell dominéieren d'Varianten XFG (54,2 Prozent) an XFG.3 (29,1 Prozent).

RTL

© Ministère de la Santé et de la Sécurité sociale

Am selwechten Zäitraum ass d'Zuel vun den Influenza-Infektioune vun 41 op 50 geklommen. A 94 Prozent vun de Fäll huet et sech ëm den Typ A gehandelt.

RTL

© Ministère de la Santé et de la Sécurité sociale

Beim Virus respiratoire syncytial (RSV) ass d'Zuel vun de Fäll ëm 55 Prozent geklommen, mat 62 Infektioune géintiwwer 40 an der Woch virdrun. Zanter Oktober sinn a 75 Prozent vun de Fäll Kanner ënner 7 Joer betraff.

RTL

© Ministère de la Santé et de la Sécurité sociale