"European Energy Award" fir d'Stad Lëtzebuerg
© VDL
Ufank November krut d'Ville de Luxembourg deen Award iwwerreecht, well se an der Lutte géint de Klimawandel besonnesch engagéiert wier.
Europawäit gi Gemengen a Stied mam "European Energy Award Gold" ausgezeechent, fir hiert Engagement am Ëmweltschutz ze honoréieren. D'Ville de Luxembourg huet e globale Score vun 78,2 Prozent erreecht an engem Katalog u Mesuren, déi am Kader vum Klimapakt definéiert gi waren.
D'Haaptstad huet sech besonnesch ausgezeechent an der Mobilitéit (94 Prozent), ënnert anerem well d'Busser vu Verbrenner- op Elektromotoren ëmgestallt gi sinn.
Donieft hunn d'Gebailechkeete vun der Stater Gemeng eng grouss Roll gespillt (93 Prozent), well déi energeetesch Performancë vun den Infrastrukture permanent verbessert géife ginn.
Ausserdeem sti Kommunikatioun a Kooperatioun (83 Prozent) fir e konkreet an durabelt Engagement vun der Stad Lëtzebuerg, ëmmer méi ekologesch wëllen ze ginn.
2012 hat d'Ville de Luxembourg de Klimapakt ënnerschriwwen a wëllt bis 2050 CO₂-neutral sinn.