Um Weltkannerdag
Dat 12 Joer aalt Claire presentéiert d'Meteo op der Tëlee
Den 20. November ass Weltkannerdag. Dowéinst gouf d’Meteo dës Kéier net nëmme vum Joëlle Kirsch, ma och vum Claire presentéiert.
D'Claire ass 12 Joer al an huet sech um Weltkannerdag getraut, fir sech virun d'RTL-Kamera ze stellen an e klengen Deel vun der Meteo ze presentéieren. Vum Joëlle krut et ganz genee erkläert, wéi et dat misst maachen.
Dem Claire säin éischten Androck no der Meteo war positiv, obschonns et immens nervös war. Well d'Meteo gëtt nämlech gemaach, ouni dass en Text ofgespillt gëtt, deen de Presentateur ofliest.
De Reportage iwwert de Making Of vun der Kanner-Meteo kënnt dëse Sonndeg an de Kannaniuuss, um 9 an 18 Auer op der Tëlee, RTL.lu an och op RTL Play.

©
Julie Thilges / RTL

©
Julie Thilges / RTL

©
Julie Thilges / RTL

©
Julie Thilges / RTL

©
Julie Thilges / RTL





Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Am meeschte gelies