15. Editioun vum Science Festival
Véier Deeg laang kënnen déi Jonk fuerschen, entdecken an erliewen, wat de Volet "Sciencen" esou alles ze bidden huet.
Scho fir 15. Kéier invitéiert den Naturmusée op de Science Festival. 1995 war déi éischten Editioun, an zënter deem ass d'Evenement all zwee Joer. Wärend véier Deeg stinn am Naturmusée an an der Abtei Neimënster d'Wëssenschaft an d'Kanner am Mëttelpunkt.
Et gouf nees vill ze entdecken, ze erfuerschen an ze erliewen um Science Festival am Gronn. Wëssenschaftlech Institutiounen an Organisatiounen, awer och privat Entreprisen hu sech op 60 Stänn verdeelt.
Bis zu 12.000 Leit komme jeeweils op de Science Festival. D'Evenement dauert 4 Deeg. De Méinden an den Dënschde si fir Schoulklasse reservéiert. Mä de Weekend ass de Festival op fir Jiddereen.
De Science Festival richt sech u Kanner vu sechs Joer un. Eenzel Ateliere sinn eréischt vun 10 Joer u recommandéiert. Jiddefalls well een erreechen, datt déi Kleng sech esou fréi wéi méiglech fir d'Wëssenschaft begeeschteren.








Mister Science vs. Superjhemp
Wat ass dat da fir en Duell um Science Festival?
Kuckt hei déi ganz Show: