"Autonoomt Wunne fir Mënsche mat enger Behënnerung", dat war den Titel vun enger Konferenz, déi e Méindeg an der Coque organiséiert gouf.

De Logements- a Familljeministère hat op de Kierchbierg invitéiert. Konkret ass et ëm en Appel à projets gaangen, wouduerch autonom Wunnunitéiten an d'Luucht solle gesat ginn.

Autonoomt Wunne fir Mënsche mat enger Behënnerung / Claudia Kollwelter

Bal 15% vun eiser Populatioun liewe mat enger Beanträchtegung, betount d'Christine Zimmer, Chargée de Direction bei Info Handicap. Dacks sinn dës Leit mat Barrière konfrontéiert, déi eis Gesellschaft opbaut oder einfach acceptéiert, wéi Trapen amplaz vu Lifter oder Rampen, Dieren, déi ze enk oder Wunnengen, déi ze deier sinn. Et bräicht ee méi Wunnenge fir Leit mat enger Beanträchtegung:
 
"Egal ob dat méi kleng inklusiv WGe sinn, ob dat gemëschte Wunnforme sinn, ob dat eng Autonomie sécurisée ass, mee mir brauche wierklech Wunnplaze fir Mënsche mat enger Beanträchtegung, wou se kënnen autonom a selbstbestëmmt liewen, wou se awer och kënnen déi néideg Ënnerstëtzung kréien."
 
Virun allem a klengen autonome Wunnstrukturen hätten d'Leit vill méi Intimitéit:
 
"Si hunn hir eege véier Wänn, si kënne selbstbestëmmt entscheeden, wou se vläicht Hëllef brauchen oder net. An dat ass eigentlech dat iewescht Zil, dass jidderee kann esou liewen, wéi hien oder si dat wëll an net, wéi een aneren dat iwwer si bestëmmt."
 
De Logementsminister Claude Meisch huet betount, datt et Instrumenter ginn a budgetär Moyenen a Subventiounsméiglechkeeten:
 
"Fir, datt déi esou wäit wéi méiglech autonom kënne liewen. Datt se esou no wéi méiglech eigentlech och um soziale Liewe kënnen deelhuelen. Datt se eigentlech dat kënne realiséieren, wat fir jiddereen zum Erwuesseginn derzou gehéiert, nämlech eng eegen Wunneng ze hunn, eng Eegestännegkeet, eng Autonomie ze hunn."
 
Viséiert sinn d'sozial Promoteuren a Bailleurs sociaux, fir déi den 9. Dezember e Workshop iwwert d'Thema organiséiert gëtt, wou all Interesséierten dann och seng Froe stelle kann.