Enovos setzt Stroumpräisser erof
An engem Mail un hir Clienten annoncéiert Enovos, datt een d'Präisser vum Stroum vum neie Joer un erofsetze geet.
Mat dësem Schratt wëll Enovos op d'Stabiliséierung op dem Energiemaart reagéieren an an engems och jidderengem et erméiglechen, fir op nohalteg Energie ëmzeklammen. Dat huet d'Energieentreprise hire Clienten en Dënschdeg via Mail matgedeelt.
Vum neie Joer u muss een da fir den Naturstroum Home Mono nach 0,13213 Euro pro Kilowatt Stonn bezuelen, aktuell sinn et 0,15730 Euro pro kWh. Wien den Naturstroum Home Double huet bezilt am Dag 0,13473 Euro pro kWh, awer an der Nuecht dann nach just 0,12243 Euro. Och hei ass et am Schnëtt eng Baisse vun ongeféier 2,5 Cent pro kWh. Dës Präisser sinn ouni TVA.