Maria Teresa war 20 Joer am Amt
Groussherzogin Stéphanie gëtt Presidentin vum Lëtzebuerger Roude Kräiz
© Image Cour Grand-Ducale
D'Versammlung vum Roude Kräiz huet eis nei Grande-Duchesse als hir Presidentin ernannt.
20 Joer laang war d'Grande-Duchesse Maria Teresa un der Spëtzt vum Lëtzebuerger Roude Kräiz. Elo gëtt si vun hirer Schnauer an neier Groussherzogin ofgeléist. Déi Decisioun ass bei der Versammlung vum Lëtzebuerger Roude Kräiz geholl ginn. De Wiessel trëtt a Kraaft, esoubal dat groussherzoglecht Reglement a Kraaft trëtt.
Am Communiqué seet d'Organisatioun der Maria Teresa Merci fir hiert Engagement déi lescht 20 Joer.
Am meeschte gelies