"De Wuesstem feelt eis zanter 5 Joer an och d'Perspektive sinn net brillant"
Dat sot de Generaldirekter vun der Chambre de Commerce op hirer traditioneller Pressekonferenz iwwert de Budget.
"Si mer um Enn vum Lëtzebuerger Modell ukomm?" ass d'Fro, déi d'Chambre de Commerce stellt a verlaangt, datt de Modell iwwerduecht gëtt an net méi méi ausgi gëtt, mee besser. De gréissten Defi wier, fir weider attraktiv ze bleiwen an net just méi an Europa, mee doriwwer eraus ze exportéieren, Investisseuren unzéien an awer och Talenter. Den Emploi géif net méi wuessen, d'Cotisatiounen kéimen net eran an d'Sozialmodeller bei de Pensiounen, der Fleeg an de Gesondheetskeesen géifen extreem ënner Drock stoen. De Carlo Thelen bedauert iwwerdeems, datt de Lëtzebuerger Pragmatismus verluer gaangen ass a mer zu engem Kontroll-Land ginn si, wou alles reguléiert gëtt.