Ëffentlechen Déngscht brauch eng Ulafstell fir Fäll vu Mobbing
Bei zwou Ëmfroen, déi am ëffentlechen Déngscht an am Enseignement gemaach gouf, koum eraus, datt den Harcèlement moral dacks vum Virgesetzten ausgeet.
Am ëffentlechen Déngscht brauch et eng Ulafstell fir Fäll vu Mobbing. Déi Fuerderung hunn de Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft an de Syndikat ëffentlechen Déngscht am OGBL en Dënschdeg de Moien op enger gemeinsam Pressekonferenz widderholl. D’Fuerderung ass net nei. Bis elo géing et awer wéineg Unzeechen datt do politesch eppes géing geschéien, esou d’Kritik vun den OGBL-Syndikater virun der Press, déi an deem Kontext d’Resultater aus zwou Ëmfroen zum Thema Mobbing presentéiert hunn.
Béid Ëmfroe sinn dëst Joer am Summer realiséiert ginn. Bei der Ëmfro vum SEW hunn 617 Leit matgemaach. Bei der Ëmfro vum Syndikat Ëffentlechen Déngscht waren et der 313. Béid Ëmfroe weisen, datt den Harcèlement moral dacks vum Supérieur hierarchique ausgeet. D’Politik misst elo endlech handelen war et den Appell un den zoustännege Minister Serge Wilmes. Et bräicht een e staarke gesetzleche Schutz fir Affer vu Mobbing, geziilte Formatiounen an Sensibiliséierung am ëffentlechen Déngscht, esou e puer vun de Fuerderungen.