Den Ëmweltministère hätt dacks "d'Aaschkaart"
© Marc Hoscheid / RTL
Zwee Joer CSV-DP-Regierung: Wou sti mer? Wou geet d'Rees hin? Ëm dës Froe goung et en Donnechdeg op enger Pressekonferenz vum Mouvement écologique.
D'Regierung géing hiren eegenen Ambitiounen a Saachen nohalteg Entwécklung, déi dem Mouveco souwisou net wäit genuch gaange sinn, net gerecht ginn. De Mouvement écologique stäipt sech dobäi op de Mecoskop, eng Plattform, op där 77 zentral Verspriechen aus dem Koalitiounsaccord analyséiert goufen. De Bilan: Nach keent vun deene Versprieche gouf ganz ëmgesat, eent wier an der Ëmsetzung scho méi wäit, 38 an enger éischter Phas vun der Ëmsetzung a bei 38 wier mat der Ëmsetzung nach guer net ugefaange ginn. Et wier zwar normal, datt no zwee vu fënnef Joer Legislaturperiod nach net vill komplett ëmgesat ass, mee datt sech a sou villen Dossieren nach guer näischt gedoen hätt, wier schonn erstaunlech.
Fir de Marc Marc Krier, Responsabele fir klima- an energiepolitesch Froe beim Mouveco, leien d'Problemer zimmlech déif:
"Mir hunn ee gesamte System, deen aktuell nach net an enger Transitioun ass. Dat heescht, eise ganze Wirtschaftssystem baséiert op Logicke vum 20. Joerhonnert vun engem konstante Wuesstem an dat ass eben e Problem fir d'Zukunft a, fir datt mer déi Transitioun kënnen uerdentlech ëmsetzen."
D'Mouveco-Presidentin Blanche Weber kritiséiert, datt d'Regierung zwar eng pragmatesch Approche propagéieren a soe géing, datt se d'Leit wéilt mathuelen, mee et wier awer net kloer, wat d'Zil ass. Dobäi bräicht et eng kloer Marschrichtung:
"D'Regierung muss soen, wou geet d'Rees hin. Wat muss an eiser Gesellschaft, an eisem ekonomesche System geschéien, fir datt mer de Grenze vun der Biodiversitéit Rechnung droen, datt eisen Aarteverloscht zu Lëtzebuerg net weidergeet, deen nach ëmmer weidergeet. Datt eis d'Energietransitioun geléngt , datt mer net méi sou ofhängeg si vu fossillen Energien, mir wësse jo, mat wat fir enge Problemer déi verbonne sinn, och mat de Kricher a sou weider, datt mer op Eegeversuergung kënne setzen, dat schaaft jo och Aarbechtsplaze bei eis. Datt mer eng Landwirtschaftspolitik kréien, déi zukunftsfäeg ass, déi d'Natur net, wéi et am Ablack leider de Fall ass, weider zerstéiert, mee nach vill méi mat hir zesummeschafft."
Virun deem Hannergrond huet de Mouveco dann och net mat Kritik um Ëmweltministère an um Ëmweltminister Serge Wilmes gespuert. Dee géing nämlech net d'Richtung virginn, esou den Emile Espen, Member vum Verwaltungsrot vum Mouveco:
"Am Contraire, et huet een esouguer den Androck, wéi wann den Ëmweltministère bei wierklech wichtegen Themen, bei deenen aner sektoriell Ministèrë betraff sinn, reegelméisseg, ech hunn d'Blanche (d'Mouveco-Presidentin Blanche Weber; Umierkung vun der Redaktioun) lo grad gefrot, ob ech 'Verliererkarte' oder Aaschkaart dierft soen, ech fannen, datt e méi d'Aaschkaart zitt, zum Beispill bei der Reform vun der Landwirtschaftspolitik."
Dat wier awer net eleng dem Serge Wilmes seng Schold. Et géing nämlech un enger iwwergräifender Approch a Saachen Ëmweltschutz feelen.
Dat wier da wuel och den Haaptgrond dofir, datt d'Kommunikatioun tëscht deene verschiddene Ministèren net gutt lafe géing respektiv se einfach ënnerschiddlech Ziler verfollege géingen. Wa just ee Ministère zoustänneg wier, géing et par Konter deelweis besser lafen. Luef gouf et do fir den Energieminister Lex Delles, fir de Prefinanzement vu Solaranlagen an d'Mobilitéitsministesch Yuriko Backes fir déi konsequent Investitiounen an den ëffentlechen Transport.