Géint 10.45 en Donneschdegmoien ass et op der Héicht vum Tunnel Cents op der A1 an Direktioun Tréier zu engem méi uergen Accident komm.

Zwee Camione waren hei am Coup an eng Persoun gouf blesséiert. D'Stater Pompjeeën an Ambulanciere waren op der Plaz, grad ewéi och de Stater Samu.

D'A1 war nom Accident fir e puer Stonnen tëscht dem Rond-point Iergäertchen an dem Tunnel Cents an Direktioun Tréier gespaart.

Den ACL hat en Donneschdegmëtteg gemellt, dass am Ganze véier Gefierer an den Accident verwéckelt waren.