D'Miss Luxembourg 2009 heescht Diana Nilles

© Roland Miny
D'Miss Luxembourg 2009 ass d'Diana Nilles vu Walfer. Si gouf de Samschdegowend ënnert 24 Konkurrentinen vun enger Jury an dem Public erausgesicht
Et war déi éischt Gala vun enger "Miss Luxembourg" zënter 1996.
Am Hotel "Royal" huet d'Schéinheetskinnegin vu bis ewel Christine Lorent der frëschgebackener "Miss" hir Kroun opgesat.
D'Diana Nilles ass am zweete Joer op der Royal Holloway University zu London mat de Schwéierpunkten Schauspilerei an Englesch Literatur.
OP déi 2. Plaz ass d'Sihem Tabi aus Déifferdeng komm an déi 3. Plaz war fir d'Sabine Meyer vun Iechternach.
Déi 6 lescht Finalistininnen sinn iwwregens zu 40 Prozent vum Public iwwert SMS an de leschte Wochen an de Samschdegowend an zu 60 Prozent vun enger Jury "sur place"