UNO: Lëtzebuerg huet e Sëtz als net-permanente Member 2013-2014 am Weltsécherheetsrot kritt - mat 131 Stëmmen am 2. Wahltour géint 62 fir Finnland.

3 Länner waren an der Course: Lëtzebuerg, Finnland an Australien. 2 Länner vun deenen 3 konnten awer just gewielt ginn. Am éischten Tour, dee kuerz virun 18.30 Auer um Donneschdegowend ausgezielt war, koum Lëtzebuerg op déi 2. Plaz.

Australien krut 140 Stëmmen a war domat gewielt. Lëtzebuerg koum, wéi gesot, op déi 2. Plaz mat 128 Stëmmen, dat ass eng Stëmm ze mann gewiescht fir d'2/3-Majoritéit, woumat Lëtzebuerg och direkt gewielt gewiescht wier. Dat drëtt Land am Bond, Finnland, koum am 1. Tour mat 108 Stëmmen op déi drëtt Plaz, also hannert Lëtzebuerg.

Audio: UNO: Proklamatioun nom 1. Tour

D'Decisioun huet also mussen am 2. Wahlgang falen. Dee war kuerz no 19 Auer eiser Zäit ausgezielt an do hat Lëtzebuerg eng zolidd Avance op Finnland: 131 géint 62 Stëmmen. Lëtzebuerg ass also vum 1. Januar 2013 bis Enn 2014 am Weltsécherheetsrot, als net-permanente Member. 193 Stëmme ware gëlteg.

RTL

Felicitatiounen no der Decisioun. / © MAE / Robert Steinmetz

Réckbléck

Déi deemoleg Ausseministerin Lydie Polfer hat déi Lëtzebuerger Kandidatur 2001 gestallt. An de leschte Joren huet de Jean Asselborn Campagne fir Lëtzebuerg gemaach. Hien huet ëmmer rëm ënnerstrach, wéi wichteg dës Promotioun fir d'Land war an ass, egal wéi de Vote um Donneschdeg ausgeet. D'Campagne huet de Grand-Duché bis ewell ronn 1,2 Milliounen Euro kascht, hat den Ausseminister am Abrëll erkläert.

Am UNO-Sécherheetsrot sëtzen nieft de 5 permanente Memberen - USA, China, Frankräich, Russland a Groussbritannien - 10 net-permanent Member-Länner, vun deenen all Joer d'Halschent nei gewielt gëtt. D'Staate sinn dobäi a verschidde regional Gruppen agedeelt.

De Wahlmodus ass net sou ganz einfach. Virum Vote konnte sech Argentinien an de Ruanda als eenzeg Kandidaten an hirem Grupp scho sécher sinn. De Bhutan, Kambodscha a Südkorea si fir den asiatesche Sëtz ugetrueden. Dee goung um Enn u Korea.

RTL

© MAE / Robert Steinmetz

Däitschen Ausseminister gratuléiert Lëtzebuerg besonnesch

Den däitschen Ausseminister Guido Westerwelle huet nach um Donneschdegowend "den 5 neu gewählten nicht-ständigen Mitgliedern im VN-Sicherheitsrat (Luxemburg, Australien, Argentinien, Rwanda und Südkorea)" gratuléiert:

"Ich gratuliere allen neuen nicht-ständigen Mitgliedern. Besonders freue ich mich über den Wahlerfolg unseres Nachbarn Luxemburg, dessen Mitgliedschaft im VN-Sicherheitsrat wir nach Kräften unterstützen werden." 

Communiqué de presse (18.10.2012)

Le Luxembourg élu à l'Assemblée générale des Nations Unies à un siège non-permanent au sein du Conseil de sécurité pour la période de 2013-2014, le 18 octobre 2012 à New York

Le 18 octobre 2012, le Luxembourg a été élu à l'Assemblée générale des Nations Unies à un siège de membre non-permanent du Conseil de sécurité pour la période de 2013-2014.

Le Vice-Premier ministre, ministre des Affaires étrangères du Luxembourg, Jean Asselborn, s’est déplacé à New York les 17 et 18 octobre 2012, afin de prendre part à l'élection des cinq nouveaux membres non-permanents du Conseil de sécurité des Nations Unies pour le mandat 2013-2014.

Le Luxembourg, membre du groupe régional des Etats d'Europe occidentale et d'autres Etats (Western European and Other States Group, WEOG), a été élu au 2ème tour par 131 votes. Deux sièges ont dû être pourvus au sein du Conseil de sécurité. Trois candidatures avaient été posées pour les deux sièges, à savoir par le Luxembourg, par la Finlande et par l’Australie. Le Grand-Duché, membre fondateur des Nations Unies, a posé sa candidature pour un siège non-permanent au Conseil de sécurité des Nations Unies pour la période de 2013-2014 en mars 2001.

Dans sa première réaction après l’élection, le chef de la diplomatie luxembourgeoise a remercié vivement tous les Etats membres de la communauté internationale ayant apporté leur soutien à la candidature du Grand-Duché. Le ministre Asselborn a souligné que cette élection engage le Luxembourg à assumer ses responsabilités en tant que membre de la communauté internationale à part entière. Le Grand-Duché aura désormais l’occasion de démontrer au plus haut niveau sa solidarité et son expérience avérée comme « honnête courtier » sans arrière-pensées, sensible aux préoccupations des autres Etats membres.