D'Gemengen hunn duerch de Pacte logement Sue kritt. De Montant läit hei bei 203 Milliounen Euro. Verschidde Gemenge mussen hiren Deel elo zeréck bezuelen.

D'Lëtzebuerger Populatioun ass vun 2012 op 2013 ëm 2,31% geklomm, an dat op ongeféier 540.000 Persounen. Dofir ass eng vun de Prioritéite vun der Logementsministesch Maggy Nagel méi Wunnraum ze schafen. Genuch Gesetzprojeten a Mesurë stinn am Raum fir déi néideg Wunnengen ze bauen. Ma bis elo huet een nach net genuch gebaut fir der Nofro kënne gerecht ze ginn.

Ronn 3400 Wunnenge misst ee pro Joer baue fir der Demande nozekommen. Et ass een awer wäit vun dësen Zuelen ewech, esou d'Logementsministesch Maggy Nagel. Just 2008 an 2009 goufe pro Joer iwwert 3400 Wunnengen hei am Land gebaut. An dat obschonns et eng Rei finanziell Hëllefe vum Staat ginn. Tëscht 1997 an 2013 huet de Staat 200 Milliounen Euro Kapitalhëllefen erausginn.

Och d'Gemengen hunn duerch de Pacte Logement Sue kritt. De Montant läit hei bei 203,55 Milliounen Euro. D'Gemeng Lëtzebuerg alleng kritt scho 70 Milliounen Euro dovunner. Mä net all d'Gemenge benotzen déi Suen aus dem Pacte och.

Maggy Nagel: Vu 86 Gemengen der 28 sinn, déi nëmmen komplett oder partiell déi Contributioun do benotzt hu fir an ëffentlech Gebaier oder an ëffentlech Strukturen ze investéieren ... wou de Pacte logement et jo probéiert huet et ze maachen. 58 Gemengen hunn déi Suen nach net benotzt.

An déi Gemenge missten dat maachen, anescht mussen se d'Suen zeréckginn.

Maggy Nagel: Déi Gemengen, déi elo net opweise kënnen, datt se 1% gewuess sinn, an déi net konnte bis elo an deem Monitoring virleeën, datt se an Infrastrukturen investéiert hunn, déi kréien elo, d'Gemenge kréien all e Bréif, mä déi kréie speziell, am Moment sinn et 2 Gemengen déi dat lo kritt hunn, e Bréif, datt se déi Sue mussen zréck iwwerweisen. 

Wat d'Evolutioun vun de Wunnengspräisser tëscht 2007 an 2013 ugeet, huet ee méi déif an d'Täsch misse gräife fir een Appartement ze kafen. De Präis vum Loyer fir een Appartement ass allerdéngs stabel bliwwen. Fir e Familljenhaus huet  ee musse liicht manner bezuelen, egal op ee Loyer bezuelt huet, oder et kaf huet.

AUDIO: De Reportage vum Nadine Gautier (10/02/2014 - 12h30)

D'Reaktioun vu Syvicol
 
„Mir sinn iwwerrascht, datt d'Logementsministesch net mat eis geschwat huet, ier se de Freideg hir Kritike a Punkto Ëmgang vun de Gemenge mam Pacte Logement, gemaach huet“, dat sot de President vum Syvicol Emile Eicher, no der Reunioun vum Comité vum Syvicol e Méindeg an der Mëttesstonn. Hie weist de Virworf zeréck, vill Gemengen hätten d'Sue vum Pacte Logement an engem Fong stoe gelooss ouni si fir de Wuesstem vun der Populatioun an hirer Gemeng z'investéieren. Bal all d'Gemengen hätten an de leschte Joere ganz vill a Maisons Relais an a Schoulen investéiert oder nach a Stroossebau an a Kläranlagen, wat néideg war, fir iwwerhaapt déi urbanistesch Entwécklung méiglech ze maachen, esou den Emile Eicher.

AUDIO: Den Emile Eicher

Hien huet d'Beispill vun der Gemeng Buurschent genannt, déi zënter iwwer 5 Joer op d'Genehmegung waart fir eng Kläranlag, also wollt investéieren, mä et awer bis elo net konnt.

Firwat de Pacte Logement mat bis elo iwwer 200 Milliounen Euro vill méi deier gouf wéi déi 55 Milliounen, déi geplangt waren, erkläert den Emile Eicher mam Wuesstem vun der Populatioun, deen esou kee viraus gesinn hätt.

De Syvicol freet elo eng Entrevue mat der Logementsministesch Maggy Nagel, fir kënnen a Rou all Donnéeën z'analyséieren.

Regierungsrot: Zil vum Pacte Logement kloer verfeelt!
D'Zil vum Pacte Logement ass kloer verfeelt ginn seet déi nei Wunnengsbauministesch, d'Regierung wëll méi Offer um Maart an eng Reform vum Pacte.