D’Heescherte ginn ëmmer méi kéng
D’Police warnt virun enger neier Masch, bei där d’Brigangen hir Affer bedrängen, fir Suen oder Bijouen ze klauen.
A verschiddene Fäll huelen d’Heeschterten hiert Affer an den Aarm fir Merci ze soen a profitéiere vun der Situatioun, fir de Portefeuille ze klauen oder d'Kette vum Hals ze rappen. Dofir réit d’Police, guer net op Heescherten ze reagéieren, hinnen näischt ze ginn an op kee Fall de Porte-Monnie erauszehuelen.
Ganz nei ass zanter e puer Deeg, datt d'Heescherten an de Supermarchée bei de Self-Scan-Keessen zouschloen. Dem Police-Spriecher Serge Arend no géingen d'Clienten do net sou gutt oppassen, wéi bäi engem Bancomat. D'Heescherte profitéieren dovunner, fir d’Leit bei der Kees ze bedrängen, de Code ofzeliesen an dann d’Kaart aus dem Automat ze zéien, iert d'Affer iwwerhaapt Zäit huet, ze reagéieren.
Trickdéif an der Kathedral
Een Trickdéif hat um Donneschdeg de Mëtteg géint 15.30 Auer eng eeler Damme an der Kathedral opgefuerdert, Suen ze spenden an eng Lëscht ze ënnerschreiwen. D'Fra huet dat dann och effektiv gemaach. Wéi si aus der Kathedral eraus gaangen ass, huet si allerdéngs musse konstatéieren, dass eng gréisser Zomm Suen aus hirem Portemonni geklaut gi wor.