Daarmkriibs ass eng vun den heefegsten an déidlechste Kriibszort weltwäit. Gett dës awer mat Zäit erkannt, kann de Patient an 9 vun 10 Fäll geheelt ginn.

D'Kriibsfuerschung vun der Uni Lëtzebuerg huet mat Hëllef vun der CRP-Santé an der Lëtzebuerger Bio Bank en potentielle Wee fonnt, fir éischt Unzeechen z'identifizéieren.

AUDIO: Biomarker / Reportage Claudia Kollwelter

Zanter 2009 goufen eng ronn 700 Patienteprouwen analyséiert, woubäi déi sougenannte Biomarkeren entdeckt goufen. E Biomarker ass en biologesch miessbaren Indicateur, deen tëscht engem gesonden an engem kranken Zoustand ënnerscheede kann.

D'Etude leeft nach weider, fir erauszefannen wat nach an dëse Molekülle schif leeft, fir kenne Réckschlëss op de Krankheetsverlaf oder Therapieméiglechkeeten ze ginn.