Um Méindeg den Owend hate sech an der Minettemetropol e puer jonk Meedercher nawell zolitt an d'Hoer kritt. Um Enn huet ee Meedche mussen an d'Spidol.

Um Méindeg den Owend géint 18.30 Auer war et zu Esch am Schoulhaff bei der Place de l'Hôtel de Ville zu enger Kläpperei tëscht e puer Meedercher komm. Dobäi gouf eent mat enger Schéier an den Uewerschenkel gepickt, et koum an d'Spidol.

D'Täterin huet d'Aktioun zouginn a gouf, no Récksprooch mam Parquet, vun der Police protokolléiert.

D'Meedercher, déi sech an d'Hoer kritt haten, hu Bezéiungsgeschichten als d'Ursaach vun hirem Sträit genannt.