Lëtzebuerger ze déck: bal all 4. Awunner mat ze vill Kiloen

© AFP
An der EU si just nach d'Ungaren an d'Britte méi schwéier wéi d'Leit hei am Land, d'Ire leie mat Lëtzebuerg op der 3. Plaz.
Bannent 10 Joer ass den Taux vu staark iwwergewiichtege Leit zu Lëtzebuerg staark an d'Luucht gaangen, vu 17 op 23%. D'Männer si méi betraff wéi d'Fraen. D'EU-Moyenne läit bei 16,7%. Dat ass den Taux vun deenen, déi als "obèse", also fettleiweg, bezeechent ginn. Den Taux vun de souzesoen "normal" iwwergewiichtege Leit läit bei 53%.
Och wann d'Lëtzebuerger méi schwéier si wéi den europäeschen Duerchschnëtt, leie se awer och bei der Liewenserwaardung am Spëtzefeld. 81,5 Joer sinn d'Moyenne hei am Land, iwwer zwee Joer méi wéi den Duerchschnëtt an der EU.
Wat d'Fëmmen ugeet: Et fëmmen ëmmer manner Leit hei am Land. 17% gräifen all Dag zur Zigarett, virun 10 Joer waren et nach 26. D'Fëmmgewunnechten an Europa si ganz verschidden. D'Moyenne läit bei bal 23%. A Griicheland fëmmen awer zum Beispill bal 39% vun de Leit.
