Am Europäesche Schnëtt drénken 12 Prozent vun der Populatioun bis zu 7 Liter Energydrinks am Mount.

“Zu Lëtzebuerg gëtt et keng spezifesch Zuelen iwwert de Konsum vun Energydrinks, soudass [d'Zuelen] den europäeschen Etüden net wäit aus de Féiss dierft goen. Dat géif fir de Grand-Duché bedeiten, dass et bei den Erwuessenen a bei de Jonken 12% grouss Consommateure gëtt, déi also bis zu 7 Liter de Mount drénken”, sot d’Gesondheetsministesch Lydia Mutsch e Mëttwoch am RTL-Interview zum Thema Energydrinks.

AUDIO: Energy Drinks: Interview mam Lydia Mutsch.

D’Ministesch mécht sech Gedanken doriwwer, och wann dëst Gedrénks fir déi normal Populatioun u sech kee Problem duerstelle géif. Geféierlech géif et da ginn, wann een Energydrinks a grousse Quantitéite consomméiert, respektiv mat Alkohol oder mat physeschen Aktivitéite kombinéiert. Am Ministère féiert ee Reflexiounen op 3 Niveauen an zwar op éischtens dem europäeschem Plang eng ugestrieften Harmoniséierung. Zweetens fir op nationalem Plang e Réglement Grand-Ducale anzeféieren, fir eng Limite vum Pourcentage vum Koffein anzeféieren. An drëttens eng Etude déi an der maach ass, fir e Fong de Prevention opstellen. Dëse kéint iwwer eng Taxe op de Produiten finanzéiert ginn, fir hei de jonke Leit ze hëllefen, fir e gesonde Liewensstil ze hunn. Do gehéiert mat Sécherheet en iwwerdriwwene Konsum vun Energydrinks am schlëmmste Fall a Kombinatioun mat Alkohol, net dozou.