D'Havilland Bank zu Lëtzebuerg, den Nofolger vun der Kaupthing Bank, huet um Méindeg hiren Direkter entlooss.

De Magnus Gudmundsson war dee leschte Freideg an Island fir emol 7 Deeg an Untersuchungshaft gesat ginn.

Hie soll als fréiere Chef vun der Kaupthing Lëtzebuerg mat responsabel sinn, dass déi grouss islännesch Banken am Oktober 2008 zesumme gebrach sinn a kritt ënnert anerem Wirtschaftskriminalitéit reprochéiert.

Elo steet d'Havilland ënnert der Responsabilitéit vum Jonathan Rowland, deem d'Bank zesumme mat sengem Papp gehéiert.