Interpol sicht nom fréiere Chef vun der islännescher Kaupthing-Bank. Dem internationalen Haftbefehl no gëtt de Sigurdur Einarsson wéinst Bedruch gesicht.

De Chef vun der Lëtzebuerger Kaupthing-Bank an ee weideren Member vun der Direktioun waren déi lescht Woch jo an Island an Untersuchungshaft komm. Dat hat een Enquêteur vun der Spezialkommissioun, déi den islännesche Banke-Crash ënnersicht, ordonnéiert.

Dem Sigurdsson gëtt reprochéiert, Dokumenter gefälscht a géint Gesetzer op der Bourse verstouss ze hunn.