Wat méi Leit sech als Spender registréieren, wat d'Chance fir déi Betraffe klëmmt, fir dee richtege Spender ze fannen.

D'Cellistin Lisa Berg waart den Ament op eng Stammzellespend. Grad wéi bei anere Bluttkribspatienten ass d'Chance, fir ee Spender ausserhalb vun der eegener Famill ze fannen, een zu enger Millioun. Wat sech also méi Leit als potentielle Stammzellen- oder Knachemuerchdonateur registréieren, wat de Patienten hir Chance klëmmt, hire „geneteschen Zwilling“ iergendwou op der Welt ze fannen.

Zu Lëtzebuerg bekëmmert sech d'Association du don de moelle dorëmmer.

AUDIO: Association Don de Moelle / Reportage Claude Zeimetz

Et muss ee mol kee Blutt méi geholl kréien. En einfache Frottis, also Spaut, op engem Wattestäbchen geet schonn duer. Registréiere kann ee sech a 4 Laboen vu Ketterthill, an der Stad, um Kierchbierg, zu Esch an zu Ettelbréck. Am Beschten ass, et geet een am Nomëtteg laanscht, dann hunn déi Responsabel och déi néideg Zäit, fir zesummen de klenge Questionnaire auszefëllen.

Ma net jidderee ka Stammzelle spenden, erkläert d'Pia Gorza, Comitésmember vun der Association don de moelle. D'Profil, dat gesicht gëtt, si Leit tëscht 18 a 40 Joer. Fraen dierfen net méi wéi 2 Schwangerschafte gehat hunn, woubäi och d'Feelgebuerten zielen. De Spender selwer muss iwwer 50 Kilo hunn, well soss e Risk fir hie kann entstoen an de Spender muss och bei gudder Gesondheet sinn.

RTL

© AFP

D'Critèrë bei der Associatioun, déi mat der däitscher Stefan-Morsch-Stëftung zesummeschafft, si méi strikt, wéi bei der DKMS zum Beispill. Firwat dat sou ass erkläert de President Claude A. Hemmer. Wann ee mat 20 Joer sech teste léist besteet eng Chance vu 4 bis 5 Prozent, datt een eng Kéier a sengem Liewe geruff gëtt. Wat ee sech méi spéit teste léist, wat d'Chance fir geruff ze ginn ëmmer méi kleng ginn. Vun engem gewëssene Moment un ass d'Chance geruff ze ginn nach just esou kleng, datt sech d'Investitioun, wann een dat esou nenne kann, net méi lount.

D'Donnéeën, déi hei am Land erfaasst ginn, ginn duerno un déi däitsch Stëftung op Birkenfeld an der Géigend vun Tréier geschéckt. Si maachen de Suivi, geréieren déi weltwäit Datebank, sichen no passende Spender a maachen och, de Fall gesat, de Prelevement. Et geet iwwer Stammzellen, déi am Blutt erausgeholl ginn. Dofir kritt een e puer Deeg virdrun Medikamenter, déi d'Zuele vun de Stammzellen am Blutt vergréisseren. Bei der Entnahm kënnt een dann, wéi beim Bluttspenden, op e Canapé an eng Maschinne hëlt aus engem Aarm d'Blutt eraus. An der Maschinne selwer ginn d'Stammzellen dann erausgefiltert an am aneren Aarm kritt een d'Blutt nees eragesprëtzt. Dat ganzt dauert ongeféier 4 bis 5 Stonnen.

Just nach a manner wéi 20 Prozent vun de Fäll gëtt effektiv Knachemuerch aus de Beckeschanken erausgeholl. Dat geschitt ënner Vollnarkos. De Spender muss 3 Deeg Klinik aplangen, d'Käschten huet hien ni ze droen.

RTL

© Claude Zeimetz / RTL

Wichteg nach ze soen, datt och wann e  Spendenopruff a konkrete Fäll gemaach ginn, een net fir eng spezifesch Persoun spent. An all Land ginn et e puer Spenderbanken, déi all an enger Zentral zesumme lafen. Sou kann aus all Land een an déi Datebank kucke goen, op iergendwou ee Sëtzt, deem säi Profil géif passen.

Zejoert hu sech hei am Land iwwregens 1.000 Spender registréiert. Dat sinn der net wéineg, ma et kéimen der nach vill méi a Fro.

Eng vun de Persounen, déi hei zu Lëtzebuerg mat dësem Schicksal ze kämpfen huet, ass d'Lisa Berg. D'Nouvelle huet d'Liewe vun der d'Cellistin aus der Bunn gehäit. Den 19. Juni krut d'Cellistin Lisa Berg no enger normaler Bluttanalyse d'Diagnose akut Leukämie. Mat 36 Joer. Zu engem Ament wou d'Musekerin eng ganz Rei Optrëtter geplangt hat an op hiren Debutalbum higeschafft huet.

D'Claude Zeimetz huet déi staark Fra tëscht zwou Chemotherapie bei hir doheem begéint a mat hir iwwert hir Krankheet, hiren Ëmgang domadder an d'Kraaft vun der Musek geschwat.

AUDIO: Lisa Berg / Interview Claude Zeimetz

Et deet näischt wéi. Et ass ee just midd, seet d'Lisa Berg, déi sech bis d'Diagnose am Juni ni krank gefillt huet, zwou Chemotherapien hannert sech huet an elo op eng Stammzellentransplantatioun waart.

Lisa Berg: Ech hat nimools domadder gerechent, datt ech och esou eng Krankheet kéint kréien. Et héiert een et ëmmer vun deenen anere Leit, mä dee Moment selwer war ech och éischter Pragmatesch an hu gesot: jo gutt, dann ass et elo esou. Da kucke mer einfach doduerch ze kommen, esou gutt wéi et geet... Fir de Recht hunn ech net vill iwwerluecht, einfach op d'Zänn bäissen a Go.

RTL

© Claude Zeimetz / RTL

D'Lisa Berg gehéiert zu de bekanntsten Celliste vun der Lëtzebuerger Musekszeen. D'Léift zum Cello ass viru méi wéi 20 Joer entstan an d'Musekerin huet antëscht bei méi wéi 30 CDen, Soundtracken an aneren Opname mat diverse Kënschtler matgeschafft a stoung scho mat villen op der Bühn. Eng vill beschäftegt Artistin, Mamm vun engem Meedchen vu 5 Joer, déi och als Proff an der Réidener Musekschoul schafft. Och am fréie Summer ware Concerten a Projeten geplangt. Bis den 19. Juni.

Lisa Berg: Ech war amgaang vill Projeten ze maachen. Dat heescht, mäin Album ass amgaang gemixt ze ginn am Moment. Ech hat e Projet mat Sunglitters, dee Projet heescht Glitters-Berg, mir sollten do e puer Optrëtter hunn, mä ech hunn alles direkt missten ofsoen. Souguer den Dag selwer, wou ech an d'Klinik komm sinn, hätt ech Owes missten an Neimünster spillen, a jo, datt ass jo net gaang. Ech gouf direkt un de Baxter ugehaangen a konnt net méi goen.

RTL

© Claude Zeimetz / RTL

An de Feinschlëff fir hiren Album ass d'Musekerin mat agebonne, kritt all Dag Opnamen geschéckt a kann hir Commentairen ofginn. Den Debutalbum soll wéi geplangt am Hierscht, also Enn vun dësem Joer erauskommen, ma d'Concerte feelen der passionéierter Cellistin natierlech. Ganz zeréck gezunn aus der Ëffentlechkeet huet d'Lisa Berg sech awer net. Antëscht suivéiere méi wéi 2.180 Leit, wéi d'Kënschtlerin duerch déi verschidden Etappen vun hirer Krankheet geet, vun der Isoléierstatioun iwwer Bluttanalyse bis hin zu Hoer, déi ewechraséiert goufen, mat zum Deel ganz intime Photoen.

D'Decisioun, via hire Facebook-Profil d'Krankheet quasi ëffentlech ze maachen, wier spontan komm.

Lisa Berg: Ech hat esouvill Saache missten ofsoen an ech hat awer och schonn esouvill Saachen annoncéiert um Facebook an op menger Homepage. D'Leit hunn dann och drop gewaart, iergendwéi a wat geschitt dann elo? Dofir hat ech dann och kee Problem fir elo ze soen: hei ech sinn elo an der Klinik, ech si krank an et dauert elo eng Zäitchen, bis ech nees op der Bühn sinn. Et war fir mech net ganz schwéier iergendwéi an ech wollt och de Kontakt behalen, mat der Welt dobaussen. Ech war awer op eemol e Mount agespaart am CHL quasi, dräi Wochen agespaart op der Isolatiounsstatioun, wou een net méi huet dierfen erausgoen.

Et hätt och gutt gedoen, nieft dem Support vun der Famill vu bausse Courage gewënscht ze kréien. Mat derbäi an der Klinik war och den Cello.

Lisa Berg: Den Cello huet mech ofgelenkt an der Klinik. Do konnt ech och e bëssen üben. Och am Ufank, wéi ech mech och nach konnt beweegen duerch d'Klinik, do hunn d'Leit d'Dier opgemaach an do hu se matgelauschtert. Doktere sinn och erakomm an hunn nogelauschtert, datt war awer flott. Et war och fir iergendwéi fit ze bleiwen, well déi Muskelen ginn awer och schnell fort, och déi Schnellegkeet vun de Fanger, wann een net vill übt. 

Vill Uklang, besonnesch an de sozialen Netzwierker, huet och d'Lidd "Hope" fonnt, dat d'Lisa Berg schonn zejoert  fir d'Fondation Cancer komponéiert hat, wéi nach keen un hir Krankheet geduecht huet. An der éischter Phas vun der Krankheet ass elo e Video entstan, deen den 8. Juli um Benefissconcert fir de Lambert Schlechter gewise gouf.

RTL

© Claude Zeimetz / RTL

Lisa Berg:E Concert, deen ech net konnt selwer spillen, do ass dat projezéiert ginn. An eréischt dono hu mer en och op Facebook gesat, well et jo awer e flotte Clip ginn ass an dunn ass dat esou explodéiert. Mä sécher denken ech elo och iergendwéi aneschters iwwer dat Litt an dat, wat et mat de Mënschen dann och mécht. Et ass e Stéck, wat liicht melancholesch ass awer och erëm flott an Hoffnung gëtt an et ass vläit och elo mäi roude Fuedem, ech weess et net.

Den emouvante Video ass bis elo méi wéi 20.000 mol am Internet geklickt ginn. Déi gréissten Hoffnung setzt d'Lisa Berg lo wéi gesot an eng Stammzellentransplantatioun.

Lisa Berg: Meng Hoffnungen fir d'Zukunft si ganz einfach. Ech hoffen, datt dat hei gutt ausgeet, datt ech mäi Meedche gesi grouss ginn, datt ech nach vill Concerte ka spillen an dat ech mäi Liewen, wat ech virun der Krankheet hat, genau esou ka weider maachen.