De Gemengesyndikat Syvicol mengt, datt den neie Gesetzprojet iwwer d'Carte d'Identité mam Chip nach Lacunen huet.

Nieft de Problemer mat der neier Carte d'Identité mam Chip gesäit de Syndikat och eng Rei Problemer beim Registre d'attente, dee jo nieft dem Registre principale agefouert soll ginn.

D’Carte d’identité mat Chip soll net nëmme just iwwert de Gebuertsdatum, de Numm oder d’Plaz, wou een op d’Welt komm ass, renseignéieren, mä och méi detailléiert Donnéeën enthalen, wéi zum Beispill d’Adresse, wou ee wunnt, seet den Emile Eicher, President vum SYVICOL. Dat bedeit also, wann een d'Adress och an enger Gemeng eng Kéier wëll wiesselen, datt een dann eng nei Carte d'identité brauch, wat nees Sue kascht. Beim Syvicol ass een der Meenung, datt een do aner Moyenne misst fannen, déi méi einfach sinn. Esou hätt een z.B. der Police kéinten direkten Accès op de Registre public ginn, wou si all d'Donnéeë fonnt hätten.

Et kéint nämlech liicht geschéien, datt eng Persoun zum Beispill vergësst, datt si nodeems se geplënnert ass, eng nei Carte d’Identité ufreet. Deemno stéing nach déi falsch Informatioun um Chip an d'Donnéeën op der Identitéitskaart wieren net méi fiabel. Am Registre national dogéint wieren d’Donnéeën ëmmer aktualiséiert. Doriwwer eraus ass et d’Propose vum Syvicol, fir eng liewenslänglech Carte d’identité mat Chip fir eeler Persounen anzeféieren, nom belsche Modell. D'Leit, déi méi al si wéi 85 Joer, brauche keng nei Identitéitskaart méi, well sech hei d'Gesiicht jo net méi esou verännert, wéi bei méi jonke Leit. Och verännere si hir Adress och net méi esou dacks.

Et gëtt awer och nach een zweete Punkt am Projet de Loi deen dem Syvicol een Dar am An ass. Et ass een zwar frou datt de Registre d’attente agefouert gëtt. Mä et huet een seng Bedenken datt de Gesetzprojet d’Reglementer vum PAG sprengt. Beim Syvicol wëll een net d'Gesetzgebung vum Amenagement communale sprengen, duerch e Registre d'attente, deen de Leit dono Rechter kéint ginn, déi vergläichbar wiere mam Registre principale.

Am Registre d’attente sinn déi Leit vermierkt, wou den Dossier mat den Donnéeën net komplett ass. Ass dat nach ee Joer méi spéit de Fall, da kann de Buergermeeschter d’Leit och vum Registre d’attente huelen. A genau hei agéiert de Gesetzprojet op widderspréchlech Aart a Weis. De Registre d’attente war nämlech geduecht, fir Leit, déi néierens figuréieren, well se kee kompletten Dossier hunn, an enger Iwwergangsphase ze vermierken. Hëlt ee se no engem Joer vum Registre d’attente erof, ass een nees an der selwechter Situatioun, wéi virdrunner.