De Gaston Vogel reagéiert an engem Bréif un de Justizminister, un deem seng Aussoen zu der Heeschterte-Problematik.

Den Affekot stellt an deem Bréif un de Félix Braz fest, datt den Artikel vum Code pénal iwwer d'Mendicitéit am "Laboratoire législatif", wéi duerch ee Wonner verschwonn wier an dat, ouni datt et doriwwer een politesche Accord gi wier. Weider géing de Minister de Verbriecher a Mënschenhändler an d'Kaarte spillen, wann e géif zouginn, datt et schwéier wier, organiséiert Mendicitéit viru Geriicht ze beweisen.

"Et gi Gesetzer. Déi ginn och applizéiert"

Dat sot de Justizminister Felix Braz um Dënschdeg den Owend am RTL-Interview.

Hien hat nach um Méindeg eng Aarbechtsreunioun, an där ënnert anerem d'Police dobäi war, fir iwwert d'Situatioun vun der Heescherei an der Stad ze schwätzen. Et ass net ëmmer einfach fir duerchzegräifen, mä dat läit dorunner, datt de Problem méi komplex ass.

Heescherei ass nämlech net gläich Heescherei.

Zu Lëtzebuerg an net just hei, gëtt den Ënnerscheed gemaach tëscht der Mendicité simple - dem aarme Clochard, dee mat der Heescherei puer Grosche wëll zesummekréien- an der Mendicité en reunioun. Dat Engt ass verbueden, dat Anert net. De Justizminister Felix Braz sot, datt et schonn eng Rei Condamnatiounen zënter 2009 an deem Beräich gouf. Et kéint een elo fannen, datt een nach méi streng misst sinn, mee Police a Justiz géifen hei hir Aarbecht maachen.

AUDIO: De Félix Braz (1)

D'Mendicité simple ass zu Lëtzebuerg och nach net soulaang erlaabt, eréischt zënter 2008 an u sech war et och net de But vum Gesetz deemools fir se z'erlaben, se soll awer och net méi verbuede ginn. Mat wat wëll een e Clochard da bestrofen, seet de Justizminister. Mä d'Fro un de Felix Braz, ob et dann net sou schwéier ass, d'Mendicitée en réunioun ze beweisen, well eben déi normal Heescherei erlaabt ass.  Et geet net duer ze soen, datt e puer Leit sech ofgeschwat hunn, wou se sech histellen. Dat geet als Beweislag net duer. Fir Prisong ze kréien, muss ee serieux Trouble de l'ordre public virleien a bewise sinn.

AUDIO: De Félix Braz (2)

Verbueden ass zu Lëtzebuerg awer och de Mënschenhandel, dat duerch e Gesetz vun zejoert.

Vu ville Säiten gouf an der Lescht e Platzverweis gefuerdert, de Problem vun der Heescherei léist dat dem Felix Braz no awer och net. De Justizminister mengt net, datt esou eng punktuell,  geografesch an zäitlech limitéiert Mesure d'Äntwert ka sinn op ee generelle Problem.

AUDIO: De Félix Braz (3)

De Minister ënnersträicht awer, datt hie sech trotzdem kenger Diskussioun wëll verschléissen.

Doriwwer soll an den nächste Méint diskutéiert ginn. De Justizminister hält awer drop, fir sozial Problemer op eng sozial Manéier ze léisen a Verstéiss géint de Code pénal mat deene Mesuren ze beäntweren, déi dodranner virgesi sinn.

Verstoppt Kamera iwwer Heescherte-Band

Organiséiert Heescherei ass zu Lëtzebuerg duerch e Gesetz kloer verbueden. An awer ass et eng Praxis zemools an der Stad, wou Leit vu mafiéisen Strukturen regelrecht exploitéitert a forcéiert ginn, fir heeschen ze goen.

A sengem Reportage geet et dem Dan Hardy net drëms, fir mam Fanger op eng ethnesch Populatioun ze weisen, mee fir Mësstänn opzedecken, mat der Haaptfro, firwat d'Autoritéiten dës illegal Heescherei, wei et schéngt,  weider toleréieren.

Grad wéi an de Stroossen vun aneren europäesche Stied gehéiere si och scho jorelaang zum Stadbild vu Lëtzebuerg: Roma, déi heeschen. Keng illegal Praxis, wa se dat individuell op eng diskret Manéier maachen, ma kloer kriminell, wann dat Biedelen organiséiert ass. Vun der Police Grand-Ducale heescht et regelméisseg, datt ee kaum eng Handhab hätt, datt een och well vum Parquet net déi néideg Ennerstetzung kréich, fir adequat dergéint virzegoen.

De leschte Freideg hu mir mat Hëllef vun dëser jonker Rumänin, déi zënter e puer Joer hei lieft, eis eegen Enquête mat verstoppter Kamera gemaach. Aus verständleche Grënn wëll d'Fra anonym bleiwen.

Deel 6: Enquête Roma
An awer ass et eng Praxis, zemols an der Stad, wou Leit vu mafiéise Strukturen regelrecht exploitéitert a forcéiert ginn fir heeschen ze goen.

Deene concernéierte Leit war ofzegesinn datt se sech driwwer gefreet hunn, wéi se an hirer Heemechts-Sprooch ugeschwat goufen, op d'Fro, firwat si hei ëm Suen biedelen, sote se, dass se aus Rumänien heihinner komm sinn. Wat se awer net direkt soen, ass datt se dëser Aktivitéit net wierklech fräiwëlleg noginn, ganz am Géigendeel. Dass se ënner Drock gesat an ausgenotzt ginn, dat koum och zemools indirekt am Gespréich mat enger eelerer Fra eraus:

-Si Dir all Dag hei?

-Ech schaffe vu méindes bis samsdes, sonndes hunn ech Zäit fir mech ze wäschen an ze raschten.

-Wéi komm Dir heihinner?

-Ech komme mam Zuch a fueren och nees domadder zréck, duerno ginn ech mam Auto ofgeholl.

 -Wou wunnt Dir?

-Ech wunne bei engem Roma, deen e puer Appartementer huet, fir eis ze logéieren, mir mussen awer all fir Elektresch a Gas bezuelen.

-Wéini gi Dir zréck heem?

-Mäi Bouf ass doheem a Rumänien, ech kann hien eréischt zréckgesinn, wa meng Duechter dem Mann mat den Appartementer déi néideg Suen ginn huet, 1.300 Euro.

RTL

© Gaston Vogel/Christian F.

Och weider Aussoen vun anere concernéierte Leit weisen, datt d'Heescherei hei net individuell, ma organiséiert an deemno kriminell ass.

Am Laf vun eiser klenger Enquête huet sech du erausgestallt, dass et stëmmt, wat déi Betraffen am Gespréich ugedeit hunn, hei si Fotoen vu gläich e puer Cheffen déi d'Leit kontrolléieren, ze erkennen doduercher datt se, am Géigesaz zu de concernéierten Heescherten, gepfleegt a schick ugedoen sinn. Hei sinn da nach weider Fotoen déi de leschte Samschdeg owes am klenge Park just nieft der Theaterplaz gemaach goufen,  zu deem Ament, wou d'Suen, déi geheescht goufen, opgedeelt goufen. Mat derbäi, gläich e puer vun eisen onfräiwellegen Interview-Partneren.

Bis zu 300 Euro den Dag pro Persoun kann also mat dëser net legaler Mendicitéit verdéngt ginn, eleng an eiser klenger Haaptstad rentéiert sech dat mat Sécherheet fir d'Hannermänner, déi do eng dosen Heescherten am Asaz hunn. Esou dass ee sech net ze wonnere brauch, dass d'Bosse vun de Famillien-Clanen sech a Rumänien regelrecht Schlässer opriichte loossen

Um Méindeg de Moie mellt sech de Maître Gaston Vogel mat engem Bréif un de Regionaldirekter vun der Police René Lindenlaub. Hie schreift, datt en de Weekend mat der Enquête weidergemaach hätt an eng Band vun Heescherten mat hire "Kontrolleren" an där hirem Auto fotograféiere konnt. Domatter wieren elo all Elementer um Dësch, fir endlech ze reagéieren, sou de Gaston Vogel.

RTL
RTL

© Gaston Vogel/Christian F.

Déi Jonk Lénk hu sech och um Méindeg gemellt, mat engem Bréif un d'Stater Buergermeeschtesch. Si fuerderen eng Stad, déi alle Klasse vun hirer Populatioun gehéiert. D'Stad dierft keng elitär Gemeinschaft ginn an d'Groussgaass keng "Vitrine vum Nationbranding".

D'Stëmm vun der Strooss begréisst, datt et elo zu enger Diskussioun iwwer de Problem kënnt. Et géif awer net just ee Léisungs-Usaz ginn. Soss hätten dat aner Stied och scho gemaach. De Problem misst ee bei der Wuerzel upaken.

Et misst um Niveau vun de Logementer eppes gemaach ginn. Et kéint net sinn, datt Leit sech un Heescherte beräicheren, zum Beispill fir een Zëmmer iwwer engem Café fir 450 Euro de Mount. Fir déi Jonk missten nei Opfaangstrukture geschafe ginn, well si sech an deenen, déi et den Ament ginn, net géifen erëmfannen.

Initiativen wéi déi vun enger Gemengepolice oder vun engem Plazverweis hält ee bei der Stëmm vun der Strooss awer net fir besonnesch hëllefsräich. De Problem géing da just verlagert ginn.

De Facebook-Grupp Neiwahlen huet iwwerdeems proposéiert, datt eng fiktiv Adress geschafe gëtt, déi Leit op der Strooss kënnen uginn, bei administrativen Demarchen, zum Beispill fir sech bei der Adem anzeschreiwen. Dernieft war et ee Spendenopruff vum Grupp Neiwahlen, fir Sans-Abrise materiell z'ënnerstëtzen.

Deel 5: Wat seet d'Stëmm vun der Strooss?
An der Problematik vun den Heescherten an der Stad reagéiert haut d'Stëmm vun der Strooss op d'Proposen déi an de leschten Deeg diskutéiert goufen.

Um Freideg de Mëtteg koum - no engem neie Bréif vum Maître Gaston Vogel, an deem hien der Buergermeeschtesch säi Respekt fir hir Reaktioun vum Donneschdeg attestéiert a vun iwwersensibele Gutmensch schwätzt- vun der CSV-Fraktioun eng Demande, fir d'Commission juridique anzeberuffen, fir een Iwwerbléck vun der Situatioun vun den Heescherten an der Stad ze kréien, zesumme mat de concernéierte Ministèren an der Police.

Eng Gemengepolice?

Zënter 30 Joer géif d'Gemeng esou eng Police fuerderen. Natierlech misst een déi Leit da forméieren, sou d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer. Mee da kéint d'Gemeng selwer decidéieren, wou misst intervenéiert ginn. Et hätt ee jo och en eegene Pompjeeës-Corps.

Deel 4: Stater Gemeng brauch eege Police
Gemeng Lëtzebuerg kéint kommunalt Police-Règlement nëmme mat eegener Police duerchsetzen.

Nieft dem Gaston Vogel ass awer och de Maître Georges Krieger der Meenung, datt d'Gemeng elo scho gesetzlech Mëttelen zur Verfügung hätt. Dem aggressive Klima an der Stad misst een Enn gesat ginn. Amplaz op eng Gemenge-Police ze waarden, kéint een och eng Société de Gardiennage froen, fir 2 Méint mat 15 Mann an der Stad ze schaffen.

RTL Informatiounen no wier de Méindeg eng Drénglechkeetssëtzung tëscht dem Justizministère an der Police aberuff ginn.

Politesch Reaktiounen

De Vizepremier Etienne Schneider huet RTL Télé Lëtzebuerg aus der Vakanz aus confirméiert, datt hien elo iwwer dëst Thema een Telefonsgespréich mam Staatsminister Xavier Bettel hat. Fir d'Rentrée soll dann zesumme mam Justizminister no Léisungen zu deem Problem gesicht ginn.

D'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer confirméiert, datt et zënter kuerzem méi a méi opdrénglech Heescherte sinn. An der Gemeng hätt een dowéinst mat der Police schonn eng Rei Reunioune gehat, ouni eng patent Léisung ze fannen. D'Police géing eindrénglech nom "Plazverweis" froen, wéi et en an anere Stied gëtt.

Deel 3: Regierung wëll fir d'Rentrée eng Léisung fannen
An eiser Serie dominéieren haut politesch Reaktiounen.

D'CSV-Stad zitt hei d'Beispill vu München op de Plang, wou d'Foussgängerzon ganz Tabu fir Heescherten ass, si solle baussent där Zon ënnert verschiddene Konditiounen heeschen.

D'Police confirméiert, datt déi aktuell Gesetzgebung keen Agräife géint gewësse Leit zu bestëmmte Momenter op bestëmmte Plaze géing zouloossen.

Den Affekot Gaston Vogel widdersprécht hei a schwätzt vun engem legislative Punkt iwwer d'Mendicité en réunion. Hie fënnt, datt et sech ëm Faulheet an ëm de Manktem u Wëllen, fir richteg Enquêten ze maachen, handelt. Hien huet an deem Sënn och eng Foto an Ëmlaf bruecht, wou een Heescherten um Kanounenhiwwel gesäit, déi sech op der éiweger Flam eppes fir z'iesse waarm maachen.

D'Geschäftsleit

Virum Akafszenter Alima an der Stad ass d'Situatioun ronderëm d'Heescherten ëmmer méi schlëmm ginn. Awunner, Employéeën a grad d'Geschäftsleit hunn och schonn eng Petitioun mat ronn 80 Ënnerschrëfte géint déi, an hiren An, onméiglechen Zoustänn lancéiert. Dës Zoustänn hätte sech zanter Enn 2013 ëmmer weider verschäerft, sou dass déi concernéiert Geschäftsleit elo net méi stall hale wëllen, bis d'Autoritéiten endlech eppes ënnerhuelen.

D'Geschäftsleit si mat hirer Gedold sou lues um Ënn a wësse sech zum Deel kee Rot méi. Duerch d'Nuisance vun den deels aggressiven Heescherte komme manner Clienten an deemno och manner Suen an d'Keess.

Dobäi hätten déi Commerçante schonn alles probéiert an d'Strummerte scho méi wéi eemol frëndlech opgefuerdert, fir sech anstänneg ze behuelen a sech och mol eng aner Plaz ze sichen, fir ze heeschen. Ma ouni Succès.

Deel 2: Heescherte virum Alima: Raz-le-bol vun de Geschäftsleit
D'Geschäftsleit dreeën mat Protest-Aktiounen am Fall wou d'Autoritéite näischt ënnerhuelen.
Deel 1: Heescherte-Problematik an der Stad ëmmer méi schlëmm
D'Diskussioun gouf duerch e rezenten oppene Bréif vum Stater Affekot Gaston Vogel nees relancéiert.