Net genuch Strukture fir Bëbeeën, déi musse placéiert ginn

Regelméisseg kënnt et vir, dass Neigebuerener nach e puer Wochen oder Méint mussen an der Maternitée oder am Spidol bleiwen, éier se kënne placéiert ginn.
Viru kuerzem hat d'CSV-Deputéiert Françoise Hetto-Gaasch an enger parlamentarescher Fro op dës Problematik opmierksam gemaach. Et handelt sech heibäi ëm Kanner, déi aus engem prekäre soziale Milieu kommen, well d'Mamm zum Beispill Alkohol- oder Drogenofhängeg ass, psychesch krank oder eng an fragiler sozio-economescher Situatioun ass. Dee Moment muss de Jugendriichter jugéieren, ob d'Kand no der Gebuert placéiert gëtt.
Allerdéngs ginn et hei am Land net genuch Strukturen fir sou kleng Kanner direkt no der Gebuert opzehuelen, geet aus der gemeinsamer Äntwert vun der Gesondheetsministesch, dem Educatiounsminister an dem Justizminister ervir. Dat bréngt mat sech, dass vill Kanner fir d'éischt emol an der Pediatrie vun engem Spidol placéiert ginn.
Déi zoustänneg Ministere bedaueren, dass et engersäits net genuch Strukture ginn an anerersäits net genuch Fleegefamillen. Aktuell gëtt et hei am Land just eng eenzeg national Pouponnière am Land, déi op Puppelcher spezialiséiert ass. Et handelt sech dobäi ëm d'Maison Françoise Dolto, déi op 3 Sitten present ass, um Lampertsbierg, um Houwald an zu Esch. Dës Struktur huet eng maximal Kapazitéit fir 26 Kanner an déi ass permanent erreecht. Vill Kanner stinn op enger Waardelëscht.
Wéi et weider an der Äntwert op déi parlamentaresch Fro heescht, ass de Bau vun enger neier Pouponnière geplangt, déi 48 Kanner am Alter vun Null bis dräi Joer kann ophuelen.