Tabu-Thema an dacks falscht Traitement zu Lëtzebuerg

© AFP
Vill Patienten, déi un der Borréliose de Lyme, déi meeschtens vun Zecken iwwerdroe gëtt, leiden, kréien dacks net dat richtegt Vertraue vun hirem Dokter.
Zu Lëtzebuerg wär d'Krankheet Borréliose de Lyme nach ëmmer en Tabu-Thema, sou d' Presidentin vun der Association Luxembourgeoise Borréliose de Lyme Sofia Araùjo am RTL-Interview. Iwwerdeems géife vill Patiente kee richtegt Traitement kréien. Leit, déi chronesch ënnert der Krankheet, déi jo meeschtens vun Zecken iwwerdroe gëtt, betraff sinn, géifen oft net dat néidegt Vertraue vun hirem Dokter kréien. D'Associatioun géif deemno och gär vum zoustännege Ministère gehéiert ginn.
D'Tania Silva ass 23 Joer al a leit ënnert der Borréliose de Lyme. Ma bis dat diagnostizéiert gi war, huet d' Fra sech vun enger ganzer Rei Dokteren ënnersiche misse loossen. No dräi Wochen Antibiotika wär si dann nees gesond, huet et geheescht. Ma d'Krankheet ass ëmmer nees erëm komm. Hiren Dokter vun deemools hätt sech dat net erkläre kennen, an hätt si du bei e Psycholog geschéckt. Iwwerhaapt géif si sech als Borréliose-Patientin vun deene meeschten Doktere vernoléissegt fillen.
An der Urgence vum Spidol, wou d'Tania Silva souz an der Infirmière matgedeelt huet, wat si hat, huet dës just gemengt, wisou dee ganzen Tralala, no dräi Wochen Antibiotika wier et fort. Dem Tania Silva no war d'Infirmière, wéi och vill Dokteren, net genuch iwwer d'Krankheet informéiert.
D'Symptomer vun der Borréliose de Lyme sinn jo extrem villsäiteg. Vun schlëmmer Péng, bis Problemer mam Verhalt, ka beim Patient alles optrieden. D'Krankheet ka mat Medikamenter behandelt ginn. Ganz fort ass se duerno awer seelen. Dacks wären d'Dokteren hei zu Lëtzebuerg dann och net richteg informéiert sou d' Sofia Araùjo, Presidentin vun der Association Luxembourgeoise Borréliose de Lyme. Dat wär an den USA an virun allem och a Frankräich awer anescht. An den USA zum Beispill géif ee vill méi un der Diagnostik awer och um Traitement schaffen, dowéinst wëssen d'Dokteren och méi driwwer an d'Leit si besser doriwwer informéiert, wat si alles kënne maachen, wa s vun enger Zeck gebass ginn. A Frankräich schaffen d'Associatioune gutt mam Gouvernement zesummen, wat d'Opklärung vun der Krankheet ugeet.
Dat selwecht géing och d'Presidentin vun der ALBL sech hei zu Lëtzebuerg wënschen. Eng Entrevue am Ëmweltministère wär deemno wichteg, fir dorop opmierksam ze maachen, dass et och zu Lëtzebuerg vill infizéiert Zecke ginn. Iwwerdeems wéilt ee mat der Gesondheetsministesch iwwer nei Formatioune fir Dokteren diskutéieren.