An engem Zäitraum vu 40 Joer konnten duerch Eurotransplant eng 122.000 Mënschen gerett ginn.

Aacht Länner, dorënner och Lëtzebuerg, gehéieren zu Eurotransplant. D'Länner versichen ënnertenee gëeegent Organer fir Leit an Nout ze fannen.

Och hei am Land sinn all Joer eng 60 Leit op eng Organspend ugewisen. Awer kaum eng Organspend kënnt aus Lëtzebuerg, obschonn e Mënsch, dee Gehirdoud ass, mat sengen Organer e puer Liewe rette kann.

D’Cara, de Jérôme an d'Annika hate Chance. Mat Hëllef vun enger Organspend konnte si weider liewen.