Borreliose ass eng Krankheet, déi vun Zecken iwwerdroe gëtt. D'Leit ginn deels uerg krank a musse mat Antibiotike behandelt ginn.

D'Krankheet ass net unerkannt hei am Land an den Traitement kann e puer honnert Euro de Mount kaschten, Käschten, déi een net rembourséiert kritt. Sou heescht et den Ament an enger ëffentlecher Petitioun, déi schonn iwwer 2.000 Leit ënnerschriwwen hunn. An d'CSV-Deputéiert Sylvie Andrich-Duval huet och eng parlamentaresch Fro an deem Kontext gestallt.

D'Ministesch Lydia Mutsch huet elo geäntwert. D'Antibiotike géifen, den aktuelle Regelen no, rembourséiert ginn.

D'Krankheet wär bekannt zu Lëtzebuerg an all Infektioun misst gemellt ginn. Do géif et awer Defiziter ginn an dat soll sech besseren. D'Regierung schafft un engem Gesetz, dat d'Dokteren an d'Laboen obligéiert fir déi ustiechend Krankheeten, déi diagnostizéiert goufen, ze deklaréieren. Dozou gehéiert d'Borreliose.

Den Text kënnt geschwënn an de Regierungsrot.