Dausenden Assuréë loosse sech all Joer am Ausland behandelen. Am Kader vun der Patientevertriedung-Permanence kann ee sech elo doriwwer informéieren.

Kann ech einfach esou bei en Zänndokter an d'Belsch goen oder eng Mammographie an engem däitsche Spidol maache loossen? Oder brauch een do eng Iwwerweisung vun engem Dokter? A virun Allem: Wat muss ech dann aus menger eegener Täsch bezuelen?

D'Patiente-Vertriedung reagéiert mat enger neier Gratis-Permanence fir d'Froen bei medezinescher Behandlung am Ausland.