Vaccin géint d'Zecke kéint an 2 Joer prett sinn

© AFP (Archivbild)
Et muss besser iwwer d'Borreliose informéiert ginn. Doriwwer ware sech um Dënschdeg de Moien d'Memberen aus 2 parlamentaresche Kommissiounen eens.
D'Kommissiounen Santé a Securité sociale ware fir e Meenungsaustausch zesummen, nom ëffentlechen Debat vum 3. Februar.
Un der Prise en charge fir déi Betraffe soll näischt änneren, déi wier zu Lëtzebuerg och gutt.
D'Josée Lorsché vun déi Gréng: "Alles, wat eis Doktere kënne maachen, maachen se, mir hunn natierlech eng ganz Rei Medikamenter, déi unerkannt sinn, déi ginn och agesat. Et ass einfach schwiereg fir d'Dokteren, e schwéiere Fall vu Borreliose esou ze traitéieren, dass direkt eng Heelung ka garantéiert ginn, well et eng ganz perfid Krankheet ass."
Eng ganz perfid Krankheet iwwert déi elo besser soll informéiert ginn, ma et dierft een och net iwwerdreiwen, esou de Sozialist Georges Engel, President vun der Kommissioun fir d'Securité sociale: "Et muss een och oppasse mat der Sensibilisatioun, dass een net eng Panik ervirhieft. Et ass eng Krankheet, déi ass heelbar. Dofir soll een do sensibiliséieren, wou et noutwenneg ass, awer keng onnëtz Panik maachen."
Eng Krankheet, déi ka geheelt ginn, allerdéngs nëmme wann een och weess, datt een se huet.
De Jean-Marie Halsdorf vun der CSV: "De Minister wëll eng Broschür erausginn, mä e misst och a mengen An, an en huet och gesot e géif dat maachen, op d'Gemengen zougoen, op d'Risikogruppen zougoen, op d'Dokteren zougoen, op d'Apdikter zougoen, fir eben ze kucken, dass d'Leit déi Informatioune richteg kréien an dass se präventiv de Maximum eraushuelen, fir dass wa Fäll kommen, dass dann och richteg reagéiert gëtt. Dat ass dat wat elo hei wichteg ass."
D'Symptomer ginn dacks a ganz verschidde Richtungen, ma d'Infektiounskrankheet gëtt duerch Zecken iwwerdroe an en éischt Symptom ass eng rout Plaz op der Haut. Wat d'Bakterien méi Zäit hunn, fir sech am Kierper ze verdeelen, wat ee méi krank gëtt.
Den Dokter Ernest Weicherding: "Gelenkentzündungen, Häerzmuskelentzündngen, neurologesch Entzündunge vun den Nerven... an deene Stadie gëtt et ëmmer wesentlech méi grav als Symptomatik, mä d'Behandlungszäit gëtt och méi laang, mä et muss een ëmmer soen, dass awer trotzdem och an deene Stadien, déi Krankheet nach ëmmer ze behandelen ass."
Géint d'Borreliose gëtt et kee Vaccin. Et gëtt awer un engem geschafft géint d'Zecken.
D'Cécile Hemmen, LSAP, Presidentin vun der Gesondheetskommissioun:
"Wann ee bis geimpft ass, mat deem Impfstoff, bleift d'Zeck net méi um Kierper hänken. Dat heescht d'Zeck bäisst sech fest a se fält erëm erof. Dat ass e Vaccin, deen ech mengen awer ganz intressant ka gi fir d'Zukunft."
Dee Vaccin kinnt an zwee Joer prett sinn.
